EU-Tierkei-Accord "Eng krank Iddi"

De Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich Heinz Patzelt kritiséiert déi europäesch Flüchtlingspolitik a besonnesch den Accord mat der Tierkei. D'Ofkommes wier ee Verstouss géint d'Mënscherechter a praktesch schwéier ëmzesetzen, sou datt et misst scheiteren.

Daniel Schneider / po

Heinz Patzelt.JPG

D'EU-Tierkei-Ofkommes, dat vum 4. Abrëll u gëlle soll, grenzt dem Heinz Patzelt no u Mënschenhandel. Well fir all Syrer, deen d'EU legal aus der Tierkei ophëlt, misst als éischt een anere Mënsch op eng griichesch Insel flüchten, an ofgewise ginn. Dat wier eng "därmoosse krank Iddi", datt se just scheitere kéint. Den Tauschhandel mat der Tierkei wier absurd. Datt eng Limit vun 72.000 Mënsche genannt gouf, déi d'EU bereet ass iwwer dëse System opzehuelen, wier "onvirstellbar peinlech".

Déi sougenannten "Hotspots" op den Inselen nennt den Heinz Patzelt Retentiounszentren, wou ee Leit festhält a se ouni Prozess nees zréckschéckt. Dat géif un däischter Zäiten an Europa erënneren. Et wier och eng flagrant an offensichtlech Ligen, d'Tierkei als séchert Hierkonftsland anzestufen. "Wien d'Flüchtlingsversuergung un de systematesche Mënscherechtsverletzer Erdogan delegéiere wëll, begeet selwer virsätzlech schwéier Mënscherechtsverletzungen", sou d'Aschätzung vum Jurist a laangjähregen Amnesty-Mataarbechter.

Panik viru Populisten

Nodeems en Avis fir d'éisträichesch Regierung dës Woch zum Schluss koum, datt Flüchtlingsquote géint dat internationaalt Vëlkerrecht verstoussen, well d'sozialdemokratesch-konservativ Regierung an Éisträich elo mat enger méi séierer Prozedur d'Flüchtlingszuele limitéieren. Restriktiounen, déi dem Generalsekretär vun Amnesty International Éisträich no nëmme legal wieren, wann déi bannescht Sécherheet a Gefor ass. Spéitstens virum Europäesche Geriichtshaff géif déi Approche gekippt ginn, mengt den Heinz Patzelt am Interview. De Problem wier, datt dat ee bis zwee Joer dauert an et an där Zäit zu gravéierende Mënscherechtsverletzunge kéint kommen.

​D'Approche vun der Éisträicher Regierung wier zënter Méint déi nämlecht: "Politische Sprechblasen" an d'Welt setzen, fir eng Realpolitik ze maachen, déi sech versicht enger legaler Préiwung z'entzéien. Et wier ee "Staatsbankrott" wann d'Regierung net méi versicht, sech un d'Verfassung ze halen an d'Grondrechter ze schützen. Déi sozialdemokratesch-konservativ Koalitioun ënnert dem Bundeskanzler Werner Faymann (SPÖ) wier a Panik a géif sech vun de Populisten dreiwe loossen. D'Éisträicher wéilten hiren Undeel hunn, un all de Mënscherechtsverletzungen, déi an der EU den Ament geschéien, esou deen ironesche Constat vum Heinz Patzelt.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Delage Kommentar
Flüchtlingskris

Mam Accord, deen d'EU-Memberstaten de leschte Freideg mat der Tierkei ofgeschloss hunn, soll déi illegal Migratioun gestoppt ginn. Faktesch gëtt d'Recht op Asyl allgemeng ënnergruewen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen