Causa Dieschbourg Héiere vun der Carole Dieschbourg: Luc Heuschling proposéiert Gesetz auszeschaffen

Wéi kann déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg vun der Police judiciaire gehéiert ginn? De Verfassungsexpert Luc Heuschling huet an der Conférence des présidents proposéiert, ee Gesetz auszeschaffen an eng Prozedur festzeleeën.

Carole Schimmer / cbi

Luc Heuschling
De Verfassungsexpert Luc Heuschling gouf zwou Stonne vun der Conférence des présidents gehéiert

D'Schwieregkeet am Dossier wier, datt d'Carole Dieschbourg als fréier Ministesch traitéiert misst ginn. Eppes, wat an der Verfassung net virgesinn ass.

D'CSV ass der Meenung, datt een d'Propos vum Parquet soll iwwerhuelen. Deen hat gemengt, datt d'Chamber eng Resolutioun stëmme sollt, datt déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg vun der Police judiciaire gehéiert ka ginn.

Bis e Mëttwoch sollen all d'Fraktiounen zesumme kommen, fir intern hir Positioun festzeleeën. Dann kënnt och d'Conférence des présidents nach eng Kéier zesummen am Dossier Carole Dieschbourg fir eng Prozedur festzeleeën.

Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kritt virgehäit hire Parteikolleeg Roberto Traversini bei Autorisatiounsprozedure bevirdeelegt ze hunn.

Méi zum Thema

Traversini Gaardenhäisschen
Affär Dieschbourg/Traversini

An der Affär ronderëm d'Carole Dieschbourg stelle sech nei Froen. Déi fréier Ëmweltministesch wousst virun den zoustännegen Deputéiert vum Chamberbüro Bescheed, datt de Parquet seng Vir-Enquête ofgeschloss hätt.

Chamber
Affär Dieschbourg

Wien ass an der Affär Dieschbourg zoustänneg: Chamber oder Parquet? D'Chamber soll sech dozou mam Luc Heuschling austauschen. Et géif net drëms goen eppes ënner den Teppech ze kieren, seet d'Josée Lorsché.

Carole Dieschbourg bei hirer Demissioun
Récktrëtt

D'Carole Dieschbourg trëtt als Ëmweltministerin zeréck. Dat huet si de Freideg, kuerz viru Mëtteg virun der Press annoncéiert. Dat an der Suite vun der Affär Traversini/Dieschbourg, och nach Gaardenhaisschen-Affär genannt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen