Iwwerschwemmungen Héichwaasserschutz zu Lëtzebuerg

Och e vergläichsweis klengt Héichwaasser, wéi dat d'lescht Woch hei am Land, bréngt Schied mat sech. Dofir besteet selbstverständlech en Interessi fir betraffen Uertschafte sech virum klammende Waasserspigel ze schützen. Wat gëtt hei am Land a Punkto Héichwaasserschutz gemaach?

Stephan Polet / cbi

Wéinst dem ville Reen an den ëmgefalle Beem ware verschidde Stroossen zäitweis gespaart
Wéinst dem ville Reen an den ëmgefallene Beem ware verschidde Stroossen zäitweis gespaart

D'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg war eng vun deene Plazen, déi déi lescht Woch vum Héichwaasser betraff waren. D'Esplanade an d'Kellere vun den Haiser bei der Musel stoungen ënner Waasser. An och d'Sauer, déi hei an d'Musel fléisst, war aus hirem Bett ausgetrueden.

Op där anerer - der däitscher Säit vun der Musel - konnt ee gesinn, wéi Schutzanlagen opgebaut goufen, fir d'Waasser vun der Uertschaft ewechzehalen.

Projete géint d'Héichwaasser

Fir d'Zukunft sollen esou Mesuren och zu Waasserbëlleg kënne geholl ginn, erkläert den Ingenieur vun der Gemeng, de Romain Koster. Et géife scho Projete gi fir Héichwaasserschutz ze installéieren: laanscht d'Sauer awer och laanscht d'Esplanade vun der Musel.

Geplangt ass eng Mëschung aus festen a mobillen Anlagen. Mobil heescht an dësem Fall, datt se nëmme bei Bedarf opgeriicht ginn. Eleng d'Uertschaft vun de Waassermassen ze schützen, geet awer net duer.

Zu Waasserbëlleg bedeit dat, datt e wéineg genotzten Terrain erofgesat gëtt, fir datt d'Waasser hei Plaz fënnt. Wann dat net geschéie géif, da géif d'Waasser, dat sech net ausbreede konnt, weider fléissen a suergt an den Uertschafte flossofwäerts ëmsou méi fir Héichwaasser.

Eng national Approche

Dat weist, datt den Héichwaasserschutz och um nationale Plang gekuckt muss ginn. Den Ëmweltingenieur Claude Schortgen ass beim Waasserwirtschaftsamt fir dës Froen zoustänneg an zielt, datt den Héichwaasserschutz zu Lëtzebuerg vun der EU-Direktiv Inondations encadréiert géif ginn.

"Et ass am Fong eng klassesch Risiko-Direktiv, déi an Zyklen ofleeft. Ee Zyklus huet dobäi sechs Joer. Mir si lo am zweeten Zyklus, an et gëllen ëmmer dräi grouss Schrëtt, déi ee muss ofschaffen. Dat éischt ass eben d'Bewäertung vum Héichwaasserrisiko, wou d'Risikogewässer ausgewielt ginn. Et sinn der bei eis 17 Stéck. Fir dës ginn dann am zweete Schrëtt Héichwaassergeforen an Héichwaasserrisikokaarten erstallt, an am drëtte Schrëtt gëtt de sougenannten Héichwaasserrisiko-Managementsplang opgestallt."

2015 ass den éischten Héichwaasserrisiko-Managementsplang fäerdeg ginn. Iwwer 900 Mesurë wieren heira festgehale ginn. Dorënner fale Renaturéierungen, mee och technesch Moossnamen - zum Beispill Maueren oder Réckhaltebecken, seet de Claude Schortgen.

"Et ginn awer och éischter konzeptuell Usätz. Déi fënnt een am Aménagement du territoire. Datt een Iwwerschwemmungsfläche fräihält vu Bebauung. Oder wann ee baut, datt een Héichwaasser-ugepasst baut."

Sou brauch een an all de Risiko-Gebidder eng zousätzlech Autorisatioun, wann ee baue wëllt. Hei gëtt da gepréift, wéi de geplangte Bau de Waasserfloss beanträchtegt.

Gemenge musse mat agebonne ginn

Prinzipiell ass et d'Responsabilitéit vun de Gemenge fir d'Mesuren ëmzesetzen, erkläert de Claude Schortgen vum Waasserwirtschaftsamt. Et géif ee scho beim Ausschaffe vun de Mesurë mat de lokale Vertrieder zesummeschaffen.

Wéinst der héijer Zuel u Moossname kéinten dës awer net all op eemol ëmgesat ginn, seet de Claude Schortgen.

"Dat heescht, d'Initiativ fir e Projet ëmzesetze kënnt entweder vun eis oder vun de Gemengen. Da sëtze mer eis zesumme fir d'Krittären opzestellen, déi musse berücksichtegt ginn, an ekologescher Perspektiv, respektiv datt gekuckt gëtt, datt d'Mesure sech net op anerer Plaz negativ auswierkt."

Och wann et d'Responsabilitéit ass vun de Gemengen, sou iwwerhëlt um Enn awer de Staaat de Gros vun de Käschten.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Fändel CGDIS
Wéinst héije Wand-Vitessen

De Stuerm ass nach net eriwwer. D'Alerte orange vu Meteolux gëllt de ganze Méindeg. Hënt hätt de Stuerm Wandspëtzte vu bis zu 110 Kilometer an der Stonn erreecht. Deemno soll ee weider ganz virsiichteg ze sinn.

Philippe Ernzer
Analys vum Wiederphenomeen

Et wier keen aussergewéinlech staarke Stuerm gewiescht, seet den Hobbymeteorolog Philippe Ernzer. Dee gréissten Deel vum Stuerm hätt Lëtzebuerg elo passéiert, an et wier just nach vereenzelt mat staarke Schaueren a Wandstéiss ze rechnen.

Iwwerschwemmung 1
No deem ville Reen

Et gëtt nach keng Entwarnung bei der Héichwaassersituatioun am Land. D'Situatioun hätt sech mëttlerweil awer berouegt, sou de Christopher Schuh vum CGDIS. D'Rettungsdéngschter waren de ganzen Dag am Asaz.

Cigalon
Mëllerdall

Vill Wanderweeër an der Regioun waren zerstéiert an Haiser iwwerschwemmt ginn. Ee Joer méi spéit schéngt een iwwer de Bierg ze sinn, et gëtt awer nach vill ze dinn. E Reportage vum Stephan Polet.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Samschdes-Magazin

  • Noriichten

  • Grousse Kino

Net verpassen

Dossieren

  • Berlinale 2020

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Peppin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen