No dem ville Reen Héichwaasser: Regierung versprécht 50 Milliounen Euro Direkt-Hëllef

D'Regierung hätt decidéiert d'Héichwaasser vun de leschte Stonnen zur Naturkatastroph ze erkläeren, sou de Premier. Op Initiativ vum Finanzministère soll iwwerdeems eng direkt eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro op de Wee bruecht ginn, fir de Betraffenen ze hëllefen. Déi Zomm kéint nach no uewen ugepasst ginn, dat wier awer momentan net geplangt.

Chris Zeien

(de g. à dr.) Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur, ministre de l'Égalité entre les femmes et les hommes ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d’État
D'Inneministerin Taina Bofferding an de Premierminister Xavier Bettel virun der Press (© SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Et geséich esou aus, wéi wann d'Héichwaassersituatioun sech an der Tëschenzäit stabiliséiert hätt, sou de Premier, och wann d'Waasserpeegele weider héich wieren. Et hätt ee keng Nouvellë vu Blesséierten oder Doudegen hei am Land, sou de Xavier Bettel.

Iwwer déi lescht 48 Stonnen hätt Lëtzebuerg Reen erlieft, deen zu dramatesche Situatioune gefouert hätt, sou de Premier. Héichwaasser a Waasserstänn déi een zum Deel zënter 100 Joer net méi gesinn hätt. Ronn 400 Leit wieren an de verschiddene Gemenge relogéiert ginn, sou d'Inneministerin Taina Bofferding.

Eng Rei Aidë sollen iwwer de Familljeministère ofgewéckelt ginn, een Deel iwwer de Landwirtschaftsministère, een Deel iwwer den Inneministère an een Deel iwwer de Mëttelstandsministère.

Weider Detailer sollen an den nächste Stonne public gemaach ginn.

HCPN: Situatioun momentan stabil, mee Peegelen op engem héijen Niveau

D'Krisenzell wäert och haut Donneschdeg nach eng Kéier beienee kommen, sou de Luc Feller, Haut-commissaire à la protection nationale. "Dat Gröbsten" wier awer laanscht, seet de Luc Feller. D'Peegele wiere stabil, momentan op engem héijen Niveau, mee se wäerte viraussiichtlech an den nächste Stonne falen.

Lokal wiere verschidde Stroummasten ausgeschalt ginn, fir Stroumschléi ze vermeiden. De Luc Feller schwätzt vu vereenzelte Stroossen. Dës géife sou séier wéi méiglech nees a Betrib geholl ginn.

D'ponts et chaussées géifen demnächst d'Stroossen, mee virun allem d'Brécke kontrolléieren, déi ënnerschwemmt gi sinn, fir datt dës an den nächste Stonnen an Deeg nees sécher passéiert kënne ginn.

Aarbechtsministère huet "Regime de chômage pour intempérie" aktivéiert

Den Aarbechtsministère hätt déi verschidden Aarbechtsbeschafungsmesuren opgefuerdert fir bei den Opraumaarbechten ze hëllefen.

Den Aarbechtsministère hätt och den "Regime de chômage pour intempérie" aktivéiert, mat deem ee Salarié wéinst den Iwwerschwemmungen e Recht op bis zu 80 Prozent vu sengem Salaire huet.

Probleemer mat der App GouvAlert

D'Warnungen iwwer déi sougenannt GouvAlert-App hätten net zouverlässeg fonctionéiert oder wieren ze spéit erausgeschéckt ginn, esou d'Inneministerin an den Direkter vum CGDIS. Domat confirméiere si entspriechend Presseberichter.

De Fonctionnement vun der App soll iwwerduecht ginn an et wéilt een an Zukunft verstäerkt iwwer Social Media kommunizéieren, sou d'Inneministerin an et wéilt ee sech un Usätz vun aneren europäesche Länner inspiréieren.

Inneministerin: Rettungskräft zënter Mëttwoch den Owend am Asaz

D'Inneministerin wier zënter en Donneschdeg an enkem Kontakt mat de Buergermeeschteren um Terrain gewiescht, fir séier kënnen anzeschätzen, wat d'Besoine vun de verschiddene Gemenge wieren. De Gemenge géifen déi néideg Suen zur Verfügung gestallt ginn, déi se brauchen, fir Strukturen déi duerch d'Iwwerschwemmungen zu Schued komm sinn, sou d'Taina Bofferding.

6.300 Telefonater wieren zënter Donneschdeg beim CGDIS agaangen. Iwwer 1.200 Interventioune goufe gemellt.

  • Vun 19 Auer e Mëttwoch wieren dunn déi éischt Demanden no Sandsäck, Pompelen an anerem Material agaangen.
  • Vun 20 Auer u waren all d'CISen aktivéiert
  • Ab 22 Auer waren all déi disponibel Leit am Asaz
  • D'Krisenzell wier gëschter ëm Hallefnuecht eng éischte Kéier beienee komm.

Méi zum Thema

Eng Tankstell de 15. Juli um 12 Auer zu Iechternach
Iwwerschwemmungen

D'Gemeng Beefort deelt mat, datt d'Krunnewaasser net benotzt soll fir ze drénken, Zänn wäschen, Geméis an Uebst botzen a fir d'Kachen. Krunnewaasser kann ee fir aner Zwecker benotzen: Toilette, Dusch, Spull a Botz.

Xavier Bettel an Taina Bofferding am Gronn
No den Iwwerschwemmungen

De Regierungsrot war haut um Donneschdeg um 17:00 Auer zesummen. No der Sëtzung informéieren de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Inneministerin Taina Bofferding d'Press iwwer d'Aarbechte vum Regierungsrot.

Iechternach 15.07.2021. wärend Iwwerschwemmung
Andréck vun der Plaz

No vill Reen gëtt et grousse Schued, op e puer Plazen am Land hu Leit aus hiren Haiser missten evakuéiert ginn, ënner anerem zu Iechternach.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen