Educatioun Haut leeft d'Schoulrentrée un

Fir d'Kanner aus dem Fondamental ass haut Schoulrentrée. No 18 Méint Pandemie ass et Rentrée mat adaptéierte Covid-Mesuren. Alles an allem geet et des Woch fir eng 108.000 Schüler nees zréck op d'Schoulbänk.

Vesna Andonovic / cz

Schoul

Fir 59.000 Fondamentals-Schüler an hir 6.500 Enseignantë geet et schonn haut de Moien zeréck an de Klassesall.

An de nächsten Deeg kommen dann eng 49.000 Secondaires-Schüler a 5.000 -Enseignanten no - als éischt muer Donneschden d'Septièmesschüler, déi aner Klassen hunn e Freiden hir Rentrée.

Am Secondaire ginn et dann och Neierungen um Stonneplang. Fir eng 4.300 Quatrièmes-Schüler kënnt dëst Joer e néie Cours dobäi - eng Stonn d'Woch gëtt an 250 Klasse Lëtzebuerger Sprooch a Kultur enseignéiert. Dëst hat den Educatiounsminister Claude Meisch de Méindeg op senger Rentréespressekonferenz annoncéiert.

Fir jidderee gëllen och nei Covid-Mesuren. An de Klassesäll gëllt keng Maskeflicht méi soulaang et keng positiv Coronafäll ginn. Geimpft a geheelt Schüler ënnerleie kenger Quarantän méi. Schnelltester ginn am Fondamental zwee Mol d'Woch gemaach, am Secondaire een an der Schoul, e weidere kréien d'Schüler mat Heem.

Ewéi den Educatiounsminister matgedeelt huet si 87 Prozent vun den Enseignantë geimpft. Bei de Schüler tëschent 12 an 18 Joer huet d'Hallschent ewell op d'mannst eng Vaccins-Dosis kritt.

Méi zum Thema

Judith Reicherzer
Fräie Mikro

Bei der Rentrée wäerten d'Diskussiounen ëm de Sujet "Corona-Vaccin" all d'Schoulpartner beschäftegen. De Risiko vu Sträit a Mobbing ass grouss, sou d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

Claude Meisch
Enseignement

Fir d'Rentrée brauchen d'Schüler am Fondamental an am Secondaire am Unterrecht keng Mask méi undoen. Wann et ee positive Fall an der Klass gëtt sinn Dispositiver virgesinn: d'Schüler mussen d'Mask awer erëm undoen.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • On air

    Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen