Handelskammer kritiséiert Geheimdéngscht-Reform

Déi geplangte Reform vum Geheimdéngschtgesetz stéisst bei der Chambre de Commerce op Kritik. Wann den Text net amendéiert gëtt, misst de Finanzsecteur aus dem Kompetenzberäich vum Geheimdéngscht ausgeschloss ginn, heescht et am Avis.

Der Handelskammer no, ass de Gesetzprojet direkt op enger Rei Punkte net konform mat der europäescher Mënscherechtskonventioun. Ënnert anerem misst et eng extern Kontroll duerch d’Justiz ginn, fir z'iwwerpréiwen ob de SREL säi Mandat während spezifesche Missiounen och respektéiert. Fir fréier SREL-Agente misst iwwerdeems eng liewenslänglech Confidentialitéits-Obligatioun gëllen, amplaz vu just maximal 20 Joer.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Marie-Aline Peetermans, déi den Avis geschriwwen huet:

 

Notiz vun der Redaktioun: Am Interview ass mat "comité des présidents" déi extern Kommissioun gemengt, an där de President vun der Cour supérieure, de President vum Verwaltungsgeriicht an de President vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg vertruede sinn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen