"Mir léiere bei all Kompetitioun, esou och bei dësen olympeschen Spiller", seet den Heinz Thews. Eppes hätt sech zu Rio kloer erausgeschielt: datt d"Leistungsdichte" vun den 30 bis 40 beschte Sportler an all Disziplin nach méi enk gouf. All Sportler misst deemno schonn an de Qualifikatioune vun senger Sportaart immens a Form sinn, gutt ofliwweren, soss kéim ee guer net weider.
Gutt Leeschtunge vun de Lëtzebuerger
Den Heinz Thews hieft d'Resultat vum Tennisspiller Gilles Muller ervir an d'Leeschtung vun der Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian. Och d'Schwëmmer hätten absolut assuréiert: si sinn deelweis nei perséinlech Beschtzäit geschwommen oder hunn en nationale Rekord gebrach. De Wee bei d'Weltelite ass awer nach laang, esou den Heinz Thews.
Eenzeg Lëtzebuergerin um Depart ass des Woch nach d'Liichtathletin Charline Mathias. Den Heinz Thews schléisst eng Iwwerraschung aus, esou datt och déi Kéier Lëtzebuerg wuel ouni Medaile heem fiert.