Däitschland Groussveranstaltungen gi geschwënn nees erlaabt

Vun August u kéinten déi bundeswäit Corona-Mesuren an Däitschland opgehuewen ginn. Dat fuerdert ënner anerem den däitschen Ausseminister. Nach hunn awer eréischt ronn 40 Prozent vun den Däitschen zwou Impfdosen krut. D'Bundeslänner ginn iwwerdeems nach e Schrëtt méi wäit: Groussveranstaltungen solle nees méiglech sinn.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Däitschland
Wéi geet et mat de Lackerungen an Däitschland weider? Symbolbild: Bigstock / Perekotypole

Eng grouss Mass am Elsass, e Futtballmatch a Norditalien - um Ufank vun der Pandemie waren et Groussveranstaltungen, déi an Europa eng wichteg Roll bei der Verbreedung vum Virus gespillt hunn. Quitt datt d'Resultat op laang Dauer wuel dat selwecht gewiescht wier: de Verbuet vun de Groussveranstaltungen war op ville Plazen, och hei an Däitschland, déi éischt grouss Mesure géint de Virus.

Veranstaltunge vu bis zu 25.000 Leit

Domat dierft et am August eriwwer sinn. Déi däitsch Bundeslänner si sech an engem Aarbechtsgrupp doriwwer eens ginn, wéi Groussveranstaltungen an Zukunft sollen ausgesinn. Schlussfolgerung: Sport- an Traditiounsveranstaltungen mat bis zu 25.000 Zuschauer sinn nees méiglech - an Ausnamefäll wiere bei Kulturveranstaltungen souguer nach méi Leit erlaabt. Déi eenzeg Konditioun: datt d'Inzidenz op siwen Deeg ënner 35 op 100.000 Awunner läit.

Profitéiere wäert dovun an éischter Linn den däitsche Profifuttball. Mam DFB-Pokal an dem Ufank vun der Liga-Saison am August kéinten dann am Gros vun de Bundesliga-Stadien nees bis zu 25.000 Leit sëtzen. Just d'Bundeslänner Baden-Württemberg a Bayern zéien net ganz mat - do solle maximal 20.000 Leit an de Stadionen setzen, ausserdeem gëllt do en Alkoholverbuet.

Et ass ee wäit vun der Herdeinimmunitéit ewech

D'Lackerungen vun de Corona-Mesuren, se sinn nees "in aller Munde". Wéineg verwonnerlech bei enger bundeswäiter eestelleger Inzidenz vun ëm déi 5. Datt an de Nopeschlänner d'Delta-Variant scho grasséiert, schéngt déi däitsch Politik net ze vill ze interesséieren.

Am August hätt all Däitschen eng Impfoffer krut, da wier et Zäit, déi allgemeng Mesuren ofzeschafen, sot zum Beispill den Ausseminister Heiko Maas der Süddeutsche Zeitung. Seng Fuerderung krut vill Ënnerstëtzung, virun allem bei der Unioun an der liberaler FDP.

Mee an Däitschland geet e Gruef op: tëscht de Lackerer an deenen, déi virun der Delta-Variant warnen. Sou sot den Impfstoffexpert Leif Erik Sander vun der Berliner Charité dem Noriichtemagasinn Der Spiegel, en ze schnellt Lackere wier geféierlech. Vun enger Herdenimmunitéit wier Däitschland bei knapps 40 Prozent vollstänneg Geimpften nach wäit ewech. Besonnesch, well d'Impfzuelen hei an Däitschland stagnéieren an am Verglach zu de leschte Méint ëmmer manner Leit eng nei Éischtimpfung kréien.

Den Horizont war ëmmer d'Enn vum Summer

Déi däitsch Politik - an der Form vun der Kanzlerin Merkel an dem Gesondheetsminister Jens Spahn - huet bis elo ëmmer mam Enn vum Summer als grousst Zil geschafft: bis dohin hätt jiddwereen en Impfangebot - an dann kéint ee weider kucken.

Schonn elo weist sech, datt dat onweigerlech zu Lackerunge féiert. Wa genuch Impfstoff do wier, misste Lackerungen d'Konsequenz sinn, sot zum Beispill den CDU-Generalsekretär Paul Ziemiak. Et kéint een dann net erwaarden, datt d'Gesellschaft misst u Mesure festhalen fir Leit ze schützen, déi sech net wéilten impfen.

Wat d'Supportere vun den schnelle Lackerungen net soen, ass ob se dann och nees nei Restriktiounen guttheeschen, wann d'Situatioun sech dréit. Wa sech am Hierscht erausstellt, datt d'Impfunge manner gutt géint d'Delta-Variant oder eng weider Mutatioun schützen wéi geduecht, da wier dat nämlech déi eenzeg méiglech Konsequenz. Spéitstens dann dierft et och mat de Groussveranstaltungen nees eriwwer sinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Impfen Sprëtz
Däitschland

An Däitschland ginn d'Diskussioune weider, ob Kanner a Jugendlecher sollen geimpft ginn - besonnesch mat Bléck op d'Rentrée am Hierscht an d'Delta-Variant, déi sech séier verbreet.

Covidcheck am Atelier
Lackerungen

Ouni Mask an ouni d'Anhale vun Distanz einfach op eng Party mat Honnerte Leit goen. Dat ass zanter gëschter nees méiglech. Den Atelier huet d'Akraafttriede vum neie Covid-Gesetz gëschter gefeiert.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen