Grousse Frust an der Cargolux-Generaldirektioun

Déi zwou Demissiounen an der Generaldirektioun vun der Cargolux sinn däitlech op d’Evenementer an de leschte Joeren zréck ze féieren. Dat beleet e Bréif, deen eis virläit an deen ee vun den zwee Ex-Direktiounsmemberen de leschte Mount un d’Aktionären an un de Verwaltungsrot-President Paul Helminger adresséiert huet. De Paul Helminger kritt vum Robert Van de Weg virgeheit, d’Generaldirektioun demotivéiert an net mat agebonnen ze hunn. Nom Depart vu Qatar Airways wier d’Agenda séier kloer gewiescht. Just d’Offer vun HNCA wier eescht geholl ginn. Och un der Credibilitéit vum Rapport vum Robert Schaus gëtt gezweiwelt: dee wier vun Ufank u fir den Deal mat HNCA gewiescht, an de Paul Helminger hätt nach während den Aarbechten um Rapport zouginn, datt de Robert Schaus Kandidat wier fir Cargolux-CEO ze ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen