Raiffeisebank Grouss Konkurrenz tëscht Banke fir e klenge Marché
Et ass e generellen Trend op der Finanzplaz. D’Geschäftsaktivitéite ginn an d’Luucht, d’Beneficen awer net. D’Raiffeisebank gëtt och net dovu verschount, seet hire Generaldirekter. De Guy Hoffmann schwätzt iwwert dat schwieregt Ëmfeld an iwwer nei Servicer fir d’Clienten.
Plus 8,5 Prozent bei der Bilanszomm, mee e Minus vun 2,3 Prozent zejoert beim Nettobenefice. Esou gesinn d’Zuele vun der Raiffeisebank aus. "Mir sinn net onzefridde mat deem Resultat", seet de Guy Hoffmann. De Generaldirekter vun der Kooperativ-Bank erënnert drun, datt d'Ëmfeld zanter Jore schwiereg wier. Déi Europäesch Zentralbank géif mat hirer Politik virun allem déi Banken extrem penaliséieren, déi méi wéi 80 Prozent vun hire Revenuen aus dem Zënsgeschäft generéieren.
D’Raiffeisebank zeechent sech duerch hir relativ virsiichteg Geschäftspolitik aus. Och wann d’Beneficen déi lescht Joren net geklomme sinn, wéilt een näischt un där Politik änneren. "Déi virsiichteg Politik huet eis déi lescht 90 Jore méi Notze bruecht wéi geschuet, virun allem zanter dem Ufank vun der Finanzkris", esou de Guy Hoffmann.
De Client un d’Bank bannen
Méi wichteg wier et erauszefannen, wéi een aus der aktueller Krisesituatioun erauskënnt. "Wat sinn déi Solutiounen, déi de Client haut brauch? Wéi kënne mer méi a méi déif mat him zesumme schaffen?" Hautdesdaags hätten d’Leit dacks zwou oder dräi Bankerelatioune mat zwee oder dräi Mol Fraisen.
D’Zil wier et fir ze kucken, datt d’Leit 80 oder 100 Prozent vun hiren Aktivitéite bei d’Raiffeisebank bréngen, esou de Generaldirekter vun der Bank. Mat engem Memberprogramm géif ee kucken, datt de Client finanziell an och qualitativ vun deene Servicer profitéiert.
De Guy Hoffmann gëtt zou, datt d’Konkurrenz tëscht véier, fënnef Banke grouss ass fir eng hallef Millioun Clienten hei am Land. "Bei eis hunn d’Clienten de Virdeel, datt d’Bank hinne gehéiert [D'Raiffeisebank ass eng Kooperativ-Bank]", esou de Guy Hoffmann. Donieft wier se net vun de Laun vun engem grousse Grupp vu London, Paräis oder Frankfurt ofhängeg, deen der Bank eng Strategie diktéiert. Dem Direkter vun der Raiffeisebank no géing ee mierken, datt d’Leit ëmmer méi sensibel dofir ginn, wéi eng Bank hir Sue verdéngt a wéi eng Moyene se dofir asetzt.
Konditioune fir e Prêt méi streng
Vun de 5,3 Milliarden Euro u Prêten, déi zejoert vun der Raiffeisebank accordéiert goufen, hunn der zwee Drëttel eppes mam Logement ze dinn. Dat wier eng Aktivitéit zu Lëtzebuerg, déi de Banken déi lescht Jore gehollef hätt sech ganz gutt z’entwécklen, seet de Guy Hoffmann. Hie gëtt zou, datt et och bei der Raiffeisebank ëmmer méi Cliente géife ginn, déi Schwieregkeeten hätten e Prêt ze kréien.
"Regulatoresch ginn 20 Prozent Eegemëttel vun de Leit verlaangt. Dat si ganz vill Sue bei den Immobiliepräisser, déi mer mëttlerweil ze stäipen hunn. Haut wëllen d’Leit och éischter Proprietaire vun engem Haus gi wéi fréier. Wann een do net kann e bësse vun doheem gehollef kréien, da gëtt et scho relativ sportlech."
Bei der Konkurrenz ginn d’Immobilieprêten haut op maximal 40 Joer. Vun esou enger laanger Lafzäit hält de Guy Hoffmann net vill. De Generaldirekter vun der Raiffeisebank ass der Meenung, datt ee säi Prêt soll zréck bezuelt hunn, wann een a Pensioun geet. Eng méi laang Lafzäit géif dernieft d’Präisser mat no uewen dreiwen.