Zwee Drëttel vun der Gesamtekonomie vu Lëtzebuerg géifen um Pëtrol baséieren. Deem wär awer an der Etude iwwert den Tanktourismus keng Rechnung gedroe ginn, seet de President vum Groupement pétrolier. An der Etude géifen Äppel mat Bananne verglach ginn. De Romain Hoffmann kritiséiert, datt d'Etude d'Entwécklung vun der Elektromobilitéit géif an de Mëttelpunkt stellen, ouni d'Käschten dovunner ze berechnen. Déi Käschte géifen exklusiv dem Diesel a Bensin zougerechent ginn. Et wär éischter e Mobilitéitsproblem.
Méi héich Besteierung fir schiedlech Moteuren
Et wier net richteg fir ze soen, datt wann zu Lëtzebuerg manner Carburant verkaf gëtt, datt dann d'Emissiounen erof ginn. "D’Emissioune wäerte bleiwen, ob de Carburant zu Lëtzebuerg getankt gëtt oder am Ausland", sou de Romain Hoffmann. Wa Bensin an Diesel zu Lëtzebuerg méi deier géif ginn, da géifen d’Lëtzebuerger an d’Ausland tanke goen.
D'Pëtrolskonzerner géife just e klengen Deel vum Tanktourismus ausmaachen. Lëtzebuerger Investisseuren hätte 500 Milliounen Euro investéiert. 2.500 Aarbechtsplaze géifen um Secteur hänken.
Och de Staat géif um Tanktourismus verdéngen. Et wär technologesch méiglech, d'Moteuren ze verbesseren. An der Tanktourismus-Etude gëtt virgeschloen, fir Dieselautoe vu Privatleit méi héich ze besteieren. Dem Groupement pétrolier no wier et besser fir d'Moteuren hiren Emissiounen no ze besteieren, wéi nom Carburant.
3,5 Milliarden Euro ekologesch, ekonomesch a steierlech Käschten, stinn 2,1 Milliarde Recetten géigeniwwer, hat den Emweltexpert Dieter Ewringmann a senger Etude geschriwwen.