Griicheland-Krise: BCL-Chef Reinesch ass "zouversiichtlech"
©BCL
De President vun der Lëtzebuerger Zentralbank seet sech zouversiichtlech, dass een drëtten Hëllefsprogramm fir Griicheland zustan kënnt an déi griichesch Wirtschaft sech nees stabiliséiert. "Dat ass ee laangfristegen Exercice, do dierf ee sech keng Illusioune maachen”, sou de Gaston Reinesch. D’Europäesch Zentralbank hätt hir Responsabilitéit géigeniwwer Griicheland an de leschte Méint iwwerholl. Ënnert anerem doduerch, dass déi sougenannt "Emergency Liquidity Assistance" (ELA) "regelméisseg a systematesch" accordéiert gouf.
An hirem Joeresrapport 2014 bedauert d’BCL, datt se nach ëmmer kee kompletten an automateschen Zougank zu all den Informatiounen iwwert d’Staatsfinanzen huet – och wann d’Situatioun sech mëttlerweil liicht verbessert hätt. Dëst géing déi analytesch Capacitéit vun der Zentralbank beschränken, déi awer am Interêt vun enger gudder wirtschaftlecher Gouvernance vum Land wier, esou de Chef vun der BCL.
De Gaston Reinesch begréisst dann d’Engagement vum Premier Xavier Bettel, fir dëst Joer nach eng progressiv a nohalteg Solutioun ze fannen, sou dass d’BCL een adequat Kapital huet.
Zum Comité fir de systemesche Risiko, deen dëst Joer geschaf gouf, heescht et an der Introduktioun vum Joeresrapport, dass d’Zukunft wäert weisen, ob dee Comité an der Praxis déi néideg Instrumenter an déi richteg Gouvernance huet, fir efficace Decisiounen ze huelen, wann déi finanziell Stabilitéit a Gefor ass. "Lo hu mer d’Institutioun, mee d’Aarbecht läit nach virun eis. An do mussen all d’Acteuren, déi do implizéiert sinn – d’CSSF, de Commissariat aux Assurances, de Ministère an d’Zentralbank – elo hiert maachen, fir dass mir eng Institutioun hunn, där hir Aarbecht dann och europäesch unerkannt gëtt."
Den Interview vum Pia Oppel mam Gaston Reinesch: