Griechenland-Referendum: EU-Kommissioun plädéiert fir de "Jo"

P1000738.jpg

(Foto: Jean-Claude Juncker um EU-Conseil vum 25. Juni)

Wann d’Griichen e Sonndeg beim Referendum mat “Nee” stemmen, da stemmen se géint den Euro! Dat behaapten op jidder Fall d’EU-Kommissioun an déi däitsch Regierung. Béid fannen et absolut legitim d’griichescht Vollek ofstëmmen ze loossen, mee an hiren Ae misst d’griichescht Vollek d’Wourecht kennen a wësse wéineg Konsequenzen e negative Vote hätt.

“Scheitert den Euro, da scheitert Europa,... an dat wëlle mer net” esou d’Bundeskanzlerin.

De President vun der EU-Kommissioun huet sengersäits d’Griichen opgeruff “Jo” beim Referendum e Sonndeg ze stemmen. De Jean-Claude Juncker an d’Angela Merkel sote béid, d’Diere wiere nach ëmmer op fir weider ze verhandelen. Och nom Referendum.

De Jean-Claude Juncker huet haut kee neie Reformpak proposéiert, mee déi läscht Kompromëssvirschléi verdeedegt. Et wier e sozial faire Pak, deen um Dësch géing leien, esou de President vun der EU-Kommissioun. De Reformpak géing och am Endeffekt och zu nohaltege Staatsfinanze féieren.

De griichesche Premier Alexis Tsipras huet sengersäits nach emol eng Demande gemaach, fir d’Verlängerung ëm puer Deeg vum zweeten Hëllefsprogramm, dee muer Mëtternuecht ausleeft. A Griicheland gëllen am Moment Kapitalkontrollen fir ze verhënneren, datt de Bankesystem zerbrécht.

De Bäitrag vum François Aulner:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen