Taxonomie Grénge Label fir Gas an Atom: Vir-Entscheedung am Parlament
Déi ëmstridde Propos, Gas an Atomkraaft als "nohalteg" anzestufen, huet duerch de Krich an der Ukrain weider un Support verluer. Am Europaparlament forméiert sech eng iwwerparteilech Oppositioun.

Op mannst 20 vu 27 Memberlänner vun der EU misste géint dee sou genannten delegéierten Akt vun der Europäescher Kommissioun stëmmen, fir datt dee vum Dësch wier. Dat gëllt als onwarscheinlech. Ma am Europaparlament wiisst d'Hoffnung bei deenen, déi dogéint sinn, datt do eng Majoritéit zustane kënnt.
Keng demokratesch Kontroll
D'Parlament kann, genee ewéi d'Memberlänner just Jo oder Nee soen, inhaltlech verännere kann een un esou engem Delegéierten Akt näischt.
D'Parlament gouf hei vun Ufank un iwwergaangen, sou d'Kritik vu villen:
"Mir haten eng ëffentlech Consultatioun gefrot, mir hunn eis dofir agesat, datt den Avis vun der Plattform fir nohalteg Finanze sollt respektéiert ginn. Deen huet kloer gesot, datt weder Gas nach Atomkraaft nohalteg wieren, gouf awer ignoréiert. Domat war kloer, datt et sech hei em ee politeschen delegéierten Akt handelt a soss näischt."
Dëst sot déi lescht Woch den Hollänner Paul Tang. Fir de Sozialdemokrat steet fest, datt Däitschland a Frankräich déi wierklech Auteure vum Text sinn, deen d'Kommissioun proposéiert huet. Zeréck geet dat ganzt op eng Ofmaachung tëscht der däitscher Kanzlerin Angela Merkel an dem franséische President Emmanuel Macron. Déi éischt huet sech fir eng nohalteg Zukunft vum Gas, deen zweete fir ee gréngen Ustrach vun der Atomkraaft agesat.
"A Schweden soe mer dofir Kouhandel - mir sinn an der Mëtt gefaangen a mir hunn es genuch dovun, dofir hoffen ech datt vill Membere vun eisem Grupp eis hei ënnerstëtzen", ënnersträicht déi Liberal Europadeputéiert Emma Wiesner op där nämmlechter Pressekonferenz, fir déi sech déi lescht Woch Sozialdemokraten, Grénger, Liberal Lénker a Chrëschtdemokraten zesummegedoen haten. De Message war kloer: Et gëtt un enger iwwerparteilecher Oppositioun geschafft.
Oppositioun ass duerch de Krich gewuess
Duerch de Krich an der Ukrain ass d'Oppositioun am Parlament gewuess, seet de Paul Tang: "Mir gesinn elo, datt et politesch net intelligent ass, nach méi ofhängeg vu Gas ze ginn, wëll dat och heesche kann, méi ofhängeg vu Russland ze sinn."
Där Meenung ass och den Europadeputéierten Christophe Hansen. A senger Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, där gréisster am Parlament, ass net jiddereen bis elo iwwerzeegt, gëtt de Lëtzebuerger CSV-Politiker zou. Dat léich awer och drun, datt Verschiddener net richteg informéiert sinn: "Vill Leit denken, dat wa mir elo net dofir stëmmen, géife mir de facto Investitiounen a Gas oder Atomkraaft verbidden. Dat ass net de Fall."
Esou Investitioune solle weider méiglech sinn, ma eben net als gréng an domat klimafrëndlech agestuuft ginn, sou d'Meenung vu villen am Parlament.
Éischte Vott an de Kommissiounen
En Dënschdeg gëtt an der Ëmwelt- an an der Wirtschaftskommissioun ofgestëmmt. Ass do eng Majoritéit géint d'Propos, ass uganks Juli dann ee weidere Vott an der Plenière. Et ass déi lescht Chance, d'Kommissioun dozou ze bréngen, hir Propos zeréckzezéien. Fir datt dat de Fall ass, mussen awer op mannst 353 Europadeputéiert dofir stëmmen.
Sécher ass, datt déi ganz Gréng Fraktioun, déi meescht vun der Gauche dat maachen. Vun den 145 Sozialisten dierften 80 Prozent mat Nee stëmmen, seet de Paul Tang viraus. Domat kéim een op ronn 200 Stëmmen.
D'Emma Wiesner vun de Liberale war net prett, ee Chiffer ze nennen. Och de Christophe Hansen wollt kee Pronostic doriwwer maachen, wéi vill vun den 176 Deputéiert vun der EVP géint d'Propos vun der Kommissioun sinn.
"A mengem eegene Grupp gëtt et nach vill ze dinn, an ech wäert mech do asetzen, ech sinn net 100 Prozent sécher, ma ech sinn awer zouversiichtlech, datt mer eng Majoritéit kréien."
Fënnt sech am Europaparlament keng Majoritéit gëtt et nach de juristesche Wee. Éisträich huet schonn annoncéiert géint den delegéierten Akt ze kloen. Lëtzebuerg wëll sech där Plainte uschléissen.
Majoritéit stëmmt géint Propos vun der Kommissioun: