Gréng Luucht fir Hinkley Point
Déi europäesch Kommissioun huet haut gréng Luucht gi fir de Bau vun engem ëmstriddene briteschen Atomkraaftwierk mam Numm Hinkley Point. 60 Joer soll d’Zentral da lafen a bis zu siwe Prozent vum britesche Stroum produzéieren. Dëst wär och den éischte Bau nom Ongléck vu Fukushima. No enger Rei Ännerunge géif de Projet net méi géint d’ Regele vun der staatlecher Bäihëllef verstoussen. A genee dogéint klot elo Éisterräich beim europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg. D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat sech och schonn an engem Bréif, géint d’ Subventiounen ausgeschwat:
Schonn 2023 sollen déi am ganzen 2 Reakteren un d’ Netz goen.