Gréng Lut fir Lëtzebuerger Militärsatellit
Fir de geplangte Militärsatellit gouf et gréng Lut an der zoustänneger Chamberkommissioun. De Staat an SES sollen eng gemeinsam Gesellschaft op d’Been stelle fir de Bau an d’Bedreiwe vum Satellit. Béid Partner steiere 50 Milliounen Euro bäi. Donieft bezilt de Staat bis zu 100 Milliounen Euro iwwer 10 Joer.
De Lëtzebuerger Staat ass a leschter Instanz responsabel fir de Satellit, esou de Verdeedegungsminister Etienne Schneider. Dem Gesetzprojet no ass de Militär-Satellit fir Kommunikatiounszwecker geduecht. D’Steiere vu Kampfdrohne gëtt explizit ausgeschloss. De Minister huet erklärt, datt d’Regierung ee Mechanismus agefouert hätt fir ze garantéieren, datt nëmme sougenannte „befrënnte Staate“ Client kënne ginn. Domat géif de Rescht-Risiko op ee Minimum reduzéiert ginn.
De Bäitrag vum Michel Delage