Gréng Fraktioun net averstan mat Reduktioun vun Tubak-Accisen

Déi gréng Fraktioun ass net averstan mat der Reduktioun vun den Accisen um Tubak. Hier gesondheetspolitesch Spriecherin Josée Lorsché schwätzt vun engem Schrëtt an déi komplett falsch Richtung: Economesch Interesse dierft een ni virun gesondheetlech Interesse stellen. D’Fraktioun wier iwwerrascht vun dëser Decisioun a wéilt elo mat hire Ministere schwätzen. Wann d’Mesure net zréck gezu gëtt, dierft se just während engem méi kuerzen Zäitraum gëlle, wéi elo virgesinn, sou d’Josée Lorsché.

D’Regierungsmemberen vun déi Gréng wollte sech op Nofro hin net zum Thema äusseren. D’LSAP-Gesondheetsministesch Lydia Mutsch sot, d’Decisioun fir d’Accisen um Tubak erof ze setzen wier “net glécklech mee richteg”. Well d’Reduktioun vun den Accisen iwwert groussherzoglecht Reglement gereegelt gëtt, huet d’Chamber formell gesi kee Wuert mat ze schwätzen.

Den Interview vum Pia Oppel mat der Josée Lorsché:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen