arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace: elo Konkretes

Tanktourismus

|
reading time

2 min

Greenpeace: elo Konkretes

No der Publikatioun vun der Tanktourismus-Etude fuerdert Greenpeace Lëtzebuerg konkret politesch Mesuren an Instrumenter. Et feelt un enger laangfristeger Strategie beim Ausbau vun den erneierbaren Energien, seet d'Martina Holbach, d’Klima- an Energieexpertin vu Greenpeace Lëtzebuerg.

reading time

2 min

Dee vun der Regierung ugekënnegte Monitoring iwwert d'Entwécklung vum Spritverkaf, géing bei wäitem net duergoen. Greenpeace begréisst zwar, datt d'Regierung d'Konklusioun zitt, datt de Verkaf vun Dreifstoff weder ekonomesch nach ëmweltpolitesch nohalteg ass. D'Martina Holbach fuerdert awer, datt endlech eng laangfristeg Strategie op d'Been gestallt muss ginn. Beim Ausbau vun den erneierbaren Energië stéing Lëtzebuerg zum Beispill nach an de Kannerschong.

Nohaltegkeet: et gëtt kee Plang

D'Etude iwwert den Tanktourismus géing eege Bedenken zum Thema Tanktourismus beleeën, seet d'Martina Holbach vu Greenpeace Lëtzebuerg. Wann 2/3 vun den Zäregase vu Lëtzebuerg aus dem Transport kéimen, esou wär et weder steierlech nach finanzpolitesch nohalteg, fir sech op d'Recettë vu Bensin an Diesel ze stëtzen.

Wa Lëtzebuerg bis 2050 aus de fossillen Energien eraus soll klammen, da bräicht een ee laangfristegt Konzept. "Bis elo gëtt et nach kee Plang zu Lëtzebuerg, wéi dat soll erreecht ginn", esou d'Martina Holbacch. Néideg wär zum Beispill eng laangfristeg Strategie iwwert den Ausbau vun erneierbaren Energien an iwwert d'Energieeffizienz.

Ee Monitoring iwwert de Spritverkaf unzekënnegen, "schéngt mir e bësse schwaach". An engem Gespréich Mëtt Dezember mat der Ëmweltministesch wëllen d'Ëmwelt-ONGe konkret Pläng vun der Regierung gewuer ginn.

An der Etude vum amerikanesche Futurolog Jeremy Rifkin stéinge punkto Mobilitéit eng ganz Rei interessant Visiounen dran, wou Lëtzebuerg soll histeieren.

Rifkin: vun Theorie zur Praxis

D'Regierung strieft am Kader vum Rifkin-Plang d'Elektromobilitéit fir den ëffentlechen a privaten Transport bis d'Joer 2050 un. Dat wier en interessant Zil, seet d'Martina Holbach. Mee wéi dat Zil erreecht soll ginn, wier guer net kloer. D'Rifkin-Etude géing nämlech net déi politesch Instrumenter definéieren, mat deenen ee konkret géing virgoen.

De politesche Wëlle wier gefrot, fir all déi Mesuren aus dem Rifkin-Pak ëmzesetzen. "Wéi kënne mir dat finanzéieren? Wéi kënne mir eng kohärent Politik zu Lëtzebuerg an alle Politikberäicher assuréieren?", dat wären d'Froen, déi d'Politik elo misst beäntwerten.

Greenpeace fuerdert, datt zu Lëtzebuerg de Verkaf vun Diesel net méi subventionéiert gëtt. Déi Sue kéinten och agesat ginn, fir eng besser Mobilitéitspolitik a fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien.