Als Ausglach wéinst dem Tramchantier Gratis Parken am Stater Quartier Gare: Kritik vu Stater Gréngen

D'Parkhaiser Fort Neipperg a Fort Wedell am Stater Garer Quartier sinn zanter e Freideg op de Wochendeeg fir déi éischt Stonn gratis. Dat hat de Stater Schäfferot rezent entscheet. Samschdes sinn déi éischt véier Stonne gratis, sou den DP-Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt. D'Zil wier et fir d'Commerçanten am Garer Quartier ze ënnerstetzen.

Rahel Könen / cz

Parking
Bigstock / l i g h t p o e t

De Bäitrag vum Rahel Könen lauschteren


Et wéilt een de Geschäftsleit am Garer Quartier wärend de Chantieren ënner d'Äerm gräifen, esou den DP-Politiker Patrick Goldschmidt. Fir d'Haaptstad wier dat "schonn en Invest", sou de Mobilitéitsschäffen. "Mee 't ass e Minimum, wou ee fir d'Geschäfter ka maachen an der Hoffnung, datt se dat schwéiert Joer wat lo nach kënnt iwwerstinn. Well dono gëtt d'Gare wierklech vill méi flott."

D'Zil wier et, de Garer Quartier sou accessibel wéi méiglech ze maachen: Ob zu Fouss, mam Bus, oder mam Auto. Dem Schäfferot no wiere gratis Parkplazen deemno komplementar zur Reform vum gratis ëffentlechen Transport, erkläert de Patrick Goldschmidt. Net jiddweree kéint mam ëffentlechen Transport fueren. "A wann d'Grande Surfacen nëmme mam ëffentlechen Transport géife funktionéieren, da géif et keng méi ginn", seet de Patrick Goldschmidt.

François Benoy: Kontraproduktiv Aktioun

Datt ee méi gratis Parkraum an der Stad sollt schafen, gesäit de Conseiller François Benoy vun déi Gréng anescht. Senger Meenung no wier et kontraproduktiv fir d'Leit wärend dem Chantier ze motivéiere mam Auto an d'Stad ze kommen. Och fir d'Busser, déi an der Stad circuléieren, géif dat d'Situatioun méiglecherweis verschlechteren, well se an Zukunft nach manner gutt duerch den Trafic géife kommen, sou de Member vum Stater Gemengerot.

Et sollt een deemno méi konsequent den ëffentlechen Transport ënnerstëtzen an net nach méi Parkraum an der Stad kreéieren, sou d'Ausso vum Stater Conseiller François Benoy.

Dem Stater Schäfferot no soll d'Offer vu gratis Parkplazen am Fort Neipperg a Fort Wedell bestoe bleiwe bis den Tram, Enn dëst Joer, op d'Gare fiert.

Méi zum Thema

Patrick Goldschmidt
Mobilitéit

Den 13. Mee gëtt ugefaangen, d'Tramsschinnen tëschent der Paräisser Plaz an der Gare verluecht ze ginn. Den Tram gëtt bei de Leit ëmmer méi beléift, seet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Reparaturen am neien Tramschapp
Réckbléck

Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen