Grand-Duc misst wiele goen
D’Tatsaach, datt de Grand-Duc Henri net op de Wieler-Lëschte steet an also net ka wiele goen ass illegal: zu där Conclusioun kënnt de Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling a sengem neie Buch “Le Citoyen Monarque”. Weder d’Regierung nach d’Verwaltung hätte juristesch Argumenter, firwat de Staatschef net ka wiele goen.
Vu politescher Säit gëtt d’Meenung vum Verfassungsspezialist gedeelt. De Grand-Duc wier net “hors la loi”, also misst hien an de Wahllëschte stoen, esou de Paul-Henri Meyers (CSV).
Dem Alex Bodry no wier et logesch, datt an der reforméierter Verfassung, d’Garantie ageschriwwe gëtt, fir datt och de Grand-Duc a seng no Famill vum Wahlrecht kënne gebrauch maachen: wéinst der Wahlflicht misst de Grand-Duc da souguer wiele goen, esou den LSAP-Fraktiounschef.
Zënter dem Trounwiessel sinn de Grand-Duc a seng Fra vun de Wielerlëschte gestrach.
Detailer am Bäitrag vum Serge Kesseler: