Gramegna: "Moratoire op 0,5%-Contributioun ass keng gutt Iddi"
“D’Contributioun vu 0,5 Prozent fir d’Kannerbetreiung ëm ee Joer verleeën, dat war eng Propos vun de Gewerkschaften an de Finanzminister ass der Meenung, datt et falsch wier se ze verleeën.” Dat sot de Pierre Gramegna selwer haut op enger Konferenz vun der US-amerikanescher Handelskammer hei zu Lëtzebuerg. No enger Reunioun mat der Regierung hat den LCGB-President Patrick Dury e Méindeg gesot, d'Regierung hätt déi "Iddi op den Dësch geluecht".
Wann een d’Contributioun ëm e Joer géing verleeën géinge ronn 120 Milliounen Euro Recetten d’nächst Joer am Budget feelen an déi missten anzwousch anescht fonnt ginn, esou de Finanzminister. Fir d’US-amerikanesch Geschäftsleit op der Konferenz ze rassuréieren, sot de Pierre Gramegna och, datt an der grousser Steierreform der Contributioun vu 0,5 Prozent (déi op all Revenu erhuewe gëtt) Rechnung gedroe gëtt.
Fir op d’opposition formelle vum Staatsrot ze reagéieren, huet de Pierre Gramegna gemengt, datt d’Contributioun um Enn an eng einfach Steier elo wäert transforméiert ginn.