"Gitt dach zeréck a Polen, do ass elo vill Plaz..."

An zwou Wochen, den 9. Juni, gëtt et en ëffentlechen Debat an der Chamber fir d'politesch Conclusiounen ze zéien, no der Publikatioun vum Artuso-Rapport iwwer de Lëtzebuerger Staat an déi nazistesch antisemitesch Verfolgungspolitk am Krich. Bis elo stoung d'Legitimatioun vun de Lëtzebuerger Elite vun 1940-1945 am Mëttelpunkt vum Geschichtsbild hei am Land. Den Historiker Denis Scuto freet sech, ob dat wierklech elo wäert änneren:

 

Wéi ech d'Lëschte vu jüdesche Schoulkanner, déi d'Lycéesdirekteren, d'Inspekteren an Enseignantë op Uerder vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun am September 1940 opgestallt hunn, virun zwee Joer public gemaach hunn, war ech mer net bewosst, wéi vill dat géif d'Wuert vun deene Mënsche liberéieren, déi selwer oder där hir Familljemember oder Frënn op deene Lëschte stoungen.

Eng vu villen touchante Reaktioune krut ech iwwer Mail. E Mann huet mer geschriwwen am Numm vu senger Mamm, gebueren 1922. Si hätt no der Decouverte vun de Lëschten direkt un hir gudder Frëndin Dina Grossvogel geduecht, déi mat hir de Museksconservatoire virum Krich besicht hat an op eemol, am Oktober 1941, mat der Famill, déi an der Philippsgaass gewunnt huet, verschwonne war. D'Dina hat sech scho virum Krich en Numm als Pianistin zu Lëtzebuerg gemaach. Nom Krich hat hir Frëndin versicht erauszefanne wat mat hir geschitt ass. Leider ouni Erfolleg.

Ech hu meng eege Recherche gemaach an erausfonnt dass d'Famill vum Dina Grossvogel sollt um éischten Transport vu Lëtzebuerg an de Ghetto vu Lodz sinn, de 16. Oktober 1941. Mee dank der Hëllef vum Direkter vum Stader Conservatoire, Lucien Lambotte, konnten si juste virdrun op Bréissel flüchten. Si hu vun do aus versicht iwwer Besançon an d'Schwäiz ze flüchten, wat awer mësslongen ass a goungen nees zeréck an d'Belsch wou de jéngste Brudder Leo am Alter vu 17 Joer an d'Resistenz agetrueden ass an hinnen all falsch Pabeieren ënnert dem Numm Dubois verschaaft huet. De Leo gouf 1943 no engem Schosswiessel mat der Gestapo verletzt, verhaft an an d'KZ Dora-Mittelbau an dono an d'KZ Grossrosen, am haitege Polen, deportéiert wou e just virun der Befreiung am Abrëll-Mee 1945 stierft. D'Dina an hir Famill konnten duerch dem Leo seng Hëllef an engem Klouschter bei Léck verstoppt ginn.

Nom Krich wollt dës jüdesch Famill, déi 1923 aus Polen iwwer Däitschland agewandert war, an där hir Kanner hir ganz Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg verbruecht haten an dat Land zeréckkommen, wat hir Heemecht gi war. "Le pays et les gens que j'ai tant aimés", schreift den eelere Brudder vum Dina, Samuel, an engem Bréif 2003. Mee d'Lëtzebuerger Autoritéite soen nee. Firwat? Liese mer wat de Brigadier vum öffentleche Sécherheetsdingscht als Grond ugëtt. Fir d'éischt emol: "Die Interessente sind Polen. Sie sind Juden." An dann: "Bindungen zu Luxemburg haben sie nicht." Déi dräi Kanner hunn hir Schoulen an de Conservatoire zu Lëtzebuerg gemaach, a bal 75 Joer méi spéit freet mech eng Lëtzebuerger Fra no hirer Frëndin Dina. Mee si hu keng Bindungen zu Lëtzebuerg...

De Brigadier recommandéiert hinnen si sollten dach zeréck a Polen goen. Mat Undeitungen an Argumenter wéi d'Nazie selwer et net besser hätte kënne formuléieren: "Durch die Kriegsereignisse wurde deren Heimatland stark entvölkert und dürften sie in Polen überall Unterkunft und Arbeitsgelegenheit finden." Mat esou negativen Avise goufe vill jüdesch Famillen nom Krich konfrontéiert. D'Lëtzebuerger Autoritéite fueren nom Krich do weider wou d'Nazien opgehalen hunn: d'Land virun der sougenannter "Überfremdung" schützen.

D'Dina Grossvogel ass d'lescht Joer am Alter vun 91 Joer an Israel gestuerwen. All hir Souvenire vu Lëtzebuerg hat se versuergt a vill Dokumenter zur Krichszäit, wéi d'Famill no hirem Dout entdeckt huet. An den nächste Woche solle Chamber a Regierung zur Fro vun der Matverantwortung vun de Lëtzebuerger Autoritéiten un der Juddeverfolgung Stellung huelen. Hoffentlech iwwerhuelen se no 75 Joer endlech d'Perspektiv vun deenen, déi wéi d'Dina am Krich ënner Persécutioun an nom Krich ënner Exklusioun gelidden hunn, an net wéi bis elo d'Perspektiv vun deene Lëtzebuerger Elitten, fir déi all déi Mënsche jo souwisou "net vun hei" waren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen