Ginette Jones (LSAP) - André Roeltgen (OGBL)
D’LSAP-Kandidatin Ginette Jones schwätzt sech fir e Paradigmewiessel bei de Sozialleeschtungen aus, vun deem haaptsächlech d’Residente profitéiere géifen. “Mir kënnen net méi ewech gi wéi mer erakréien. Dofir brauche mer éischter Sachleeschtungen hei am Land wéi Geldleeschtungen”, esou d’Ginette Jones den 30. September an engem Face-à-Face mam OGBL-Generalsekretär. Den André Roeltgen ass net mat der LSAP-Kandidatin am Zentrum averstan: “Ob Frontalier oder Resident: Wien hei Steiere bezilt, soll déi selwecht Rechter hunn”.
Datt et wéinst dem Geheimdéngscht-Skandal zu Neiwahle kënnt, ass richteg, esou d’Vertrieder vun OGBL an LSAP.
De ganze Face-à-Face, moderéiert vum Jean-Claude Franck, kënnt Der hei nolauschteren: