Datebanke bei Police a Justiz Gilles Roth: "Dat war en haarde Match"

D'CSV gesäit sech an hire Kriticken iwwer d'Datebank vun der Justiz a Police confirméiert. Aus dem Avis vun der Autorité de contrôle judiciaire géif ervirgoen, datt déi Datebanken net am Aklang mam Gesetz wieren, seet de Gilles Roth.

Serge Kesseler / Cbi

Gilles Roth
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth. Foto: Archiv

D'Diskussiounen aus dem leschte Joer iwwer d'Datebanke beschreift de Gilles Roth als "en haarde Match". Et wier gesot ginn, datt eng Recherche nom Numm net méiglech wier. Am Avis vun der Autorité de contrôle judiciaire géif awer ervirgoen, datt ee vun de Krittäre fir eng Recherche ze maachen den Numm wier. "An et sinn iwwer 600.000 Leit, déi do dra registréiert sinn."

Wann eng Affär klasséiert ass, e Bierger also onschëlleg ass, da misst en och d'Recht op een "Droit à l'oubli" hunn, fënnt de Gilles Roth. D'Leit misste wësse kënnen, wat fir Date vun hinnen ageschriwwe ginn, zu wéi engem Zweck a fir wéi laang se gehale ginn. De Gilles Roth fuerdert weider, datt d'Bierger en Abléck missten hunn, wien hir Date consultéiert an zu wéi engem Zweck.

Penal Suitten

Donieft wiere penal Bestëmmungen néideg, ënnersträicht den Deputéierten, dat wier eng Fuerderung vun der CSV. Dat wier net fir d'Leit "mat dem Bengel ze schloen", mee d'Violatioun vum Dateschutz wier kee Kavaléiersdelikt, dofir wier eng gewëssen Ofschreckung néideg.

"Dat ass mengen ech, wou och een Ëmdenke vun der Regierung komm ass, wat mir begréissen. A mir hätte gären, datt dat séier ëmgesat gëtt."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Datebank
Datebanken

D'JUCHA-Datebank bei der Justiz soll eng gesetzlech Basis kréien. Spéitstens Ufank 2021 wëllt d'Justizministerin en entspriechende Gesetzesprojet deposéieren, seet d'Sam Tanson am 100,7-Interview.

François Bausch
Dateschutz

D'Gesetz iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz soll bis den nächste Summer nogebessert ginn, seet de François Bausch. De Minister fir bannenzeg Sécherheet seet, am Moment wier nach net kloer, wéi eng Adaptatiounen néideg sinn.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen