Gilles Baum (DP): "D'Politik muss bei d'Leit goen"

IMG_0331.jpg

De Message vum Wieler wär ganz kloer, sou de Gilles Baum, Generalsekretär vun der DP. “Mir wësse lo a wat fir eng Richtung mir mussen an der Politik goen. Mir wäerten an déi Richtung weiderschaffen, wéi de Wieler et gär hätt.” Grad iwwer d’Resultat bei der Fro iwwer d’Auslännerwahlrecht wär ee méi wéi iwwerrascht, well d’Ëmfroe virun der Campagne ganz anescht ausgesinn hätten. De Gilles Baum interpretéiert dëst Resultat sou, dass de Lëtzebuerger d’Wahlrecht gär un d’Nationalitéit gekoppelt hätt. Den DP-Politiker schwätzt vun enger positiver Erfahrung am Kader vun der Campagne. Och an Zukunft wéilt een den Dialog sichen: “D’Politik muss méi bei d’Leit goen”. De Referendum wär keng Ofstëmmung iwwer d’Regierung gewiescht, déi wär 2018.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen