Covid-Gesetz Gewerkschafte leenen de CovidCheck op der Aarbecht weider of

"Et kann net sinn, datt ee seng Aarbecht verléiert, just well een de CovidCheck net virleeë kann", esou den CGFP-President Romain Wolff am 100,7-Interview. Hie fuerdert, datt déi Eventualitéit nach bis den 31. Oktober ausgeschloss gëtt.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Romain Wolff
De Romain Wolff ass President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP

Dat misst méiglech sinn, och wann d'Gesetz elo gestëmmt ass, sou de Romain Wolff. Sollt dat net geschéien, wier mat gewerkschaftlechen a juristeschen Aktiounen ze rechnen: dat hat d'CGFP jo schonn e Sonndeg an engem gemeinsame Communiqué mat OGBL an LCGB ugekënnegt.

Weider fuerdert d'CGFP, datt d'Schnelltester weider bestoe bleiwe sollen, an datt déi zertifiéiert Schnelltester vum Patron - an dësem Fall de Staat - an net den Employé bezuele soll.

CGFP: "Sozialdialog funktionéiert net"

De Romain Wolff gëtt zou, datt d'Gewerkschaften iwwer dat neit Covid-Gesetz consultéiert gi sinn. Bei dëser Entrevue hätten déi dräi Gewerkschaften och ze verstoe ginn, wat si um Gesetz net guttheeschen: si hate virun allem de CovidCheck op der Aarbecht kritiséiert.

D'Regierung hätt de Gewerkschaften awer ze verstoe ginn, datt si hire Revendicatiounen net géife Rechnung droen. "An du war et fäerdeg - dat ass kee Sozialdialog", seet de Romain Wolff:

"A wann de Sozialdialog net funktionéiert, oder net esou funktionéiert wéi en eigentlech misst - dat heescht, datt och dat a Betruecht gezu gëtt, wat ee wëllt als Gewerkschaft - da geschitt dat, wat net soll geschéien. Da gëtt et op der Place publique ausgedroen. An dat ass net gutt. Dofir: Ech wier frou, wann de Sozialdialog erëm richteg an d'Gäng kéim."

Sollt de Revendicatioune vun de Gewerkschafte bis Enn dës Mounts net Rechnung gedroe ginn, wär mat Aktiounen ze rechnen: dat hate CGFP, OGBL an LCGB jo schonn e Sonndeg an engem gemeinsame Communiqué ugekënnegt. D'Dispositioun iwwer de CovidCheck op der Aarbecht soll jo eréischt den 1. November a Kraaft trieden.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Chamber
Covid-Mesuren

Dat neit Covid-Gesetz gouf mat de Stëmme vun den Majoritéitsparteien guttgeheescht. D'Gesetz, dat vu muer u bis den 18. Dezember a Kraaft wäert sinn, féiert ënner anerem de CovidCheck op der Aarbecht an.

Marche silencieuse
Protestactioun

E puer Deeg ier an der Chamber eng Verschäerfung vum CovidCheck-System gestëmmt gëtt, hunn de Freideg den Owend 3.500 bis 4.000 Leit un enger Manif géint Coronamesuren Deel geholl, esou d'Police.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen