Trennung Kierch-Staat Gesetzprojet iwwer Kierchefabriken "net duerch gebaatscht"

De Gesetzprojet, deen den Dekret vun 1809 iwwert d'Kierchefabrike soll änneren, géif net "duerch gebaatscht" ginn, seet den LSAP-Deputéierten a -President Claude Haagen. De Rapporter vun deem Text reagéiert domat op Kritike vun der CSV. Déi gréissten Oppositiounspartei hätt och gär gehat, datt d'Regierung mam Syfel, dem Daachverband vun de Kierchefabrike verhandelt. Dat gesäit de Claude Haagen net onbedéngt an.

Michel Delage

Claude Haagen.jpg
Claude Haagen

D'Kierchefabriken, déi de kierchleche Patrimoine an de Paren a Gemenge verwalten, solle jo mam Gesetzprojet lues a lues ofgeschaf ginn. Bis den éischte Januar 2017 soll dat geschéien. Am Géigesaz zur CSV mengt de Claude Haagen net, datt dee Projet, deen onofhängeg vun der staatlecher Konventioun mat der kathoulescher Kierch wier, "duerch gebaatscht" géif ginn. Den Text géif an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert an dann an der Plenière zum Vote virgeluecht ginn. Den Deputéierte verweist op den Avis vum Staatsrot, dee keng "opposition formelle" formuléiert huet. En zweete Vote ass deemno net néideg.

Misst net och de "Syndicat des fabriques d'église du Luxembourg" (Syfel) ëm seng Meenung gefrot ginn, sou wéi d'CSV dat verlaangt? "Wann elo op eemol eng sougenannten Daachorganisatioun opdaucht, déi et virun der Konventioun net ginn ass, déi anscheinend d'Interête vun de Kierchefabrike vertrëtt, da muss een och froen, ob dat iwwerhaapt méiglech ass", sou den LSAP-Deputéierten. De Fall gesat hätt de Syfel eng Entrevue mat der zoustänneger Chamberkommissioun sollen ufroen. Eng deementspriechend Demande géif awer net virleien, sou de President vun der Interieur-Kommissioun Claude Haagen. Dovun ofgesinn hätt déi kathoulesch Kierch der Ofschafung vun de Kierchefabriken zougestëmmt, wéi déi nei Konventioun mam Staat ausgehandelt gi war.

Burkaverbuet: "Net sécher ob d'Gemengen dee Pouvoir hunn"

Als LSAP-President hat de Claude Haagen am November, an der Woch no den terroristeschen Attacken zu Paräis, een nationaalt Burka-Verbuet verlaangt. Déi Fuerderung gouf net vun der Regierung erfëllt. De Premier Xavier Bettel huet op d'Pouvoire vun de Gemenge verwisen. "Ech si mer nach ëmmer net sécher ob d'Gemengen dee Pouvoir hunn, och wann et an engem 'règlement des polices' steet", sou de Claude Haagen. D'Hallschent vun de Gemengen hätte keen esou ee Reglement. Iwwerdeems wier et un der Regierung, déi Fro z'analyséieren.

Iwwert déi schlecht Ëmfroewäerter vu senger Partei sot den LSAP-President: "wann ee Regierungsverantwortung huet muss een Decisiounen huelen, déi de Leit net ëmmer schmaachen". De Claude Haagen huet d'Mesure genannt fir aus der Wirtschaftskris ze kommen. Mam Ausland verglach "kënne mer eis hei zu Lëtzebuerg glécklech schätzen, datt mer déi Situatioun, och economesch, haten, déi mer haten". Datt een hätt missten handele wier "evident". Elo wier et un der Regierung an de Parteien de Leit dat z'erklären.

De Claude Haagen war Invité beim Carole Schimmer:

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Delage Kommentar
Burka-Debatt

Firwat wëll och d'LSAP d'Burka verbidden? Fir hir Stëmmeverloschter réckgängeg ze maachen hunn d'Sozialisten de Rietspopulismus fir sech entdeckt, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

 

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

  • Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen