Geplangten Hausse vum NATO-Bäitrag: Reaktiounen (2)

Fir den CSV-Deputéierte Laurent Mosar muss Lëtzebuerg sech um allgemengen Effort vun der NATO bedeelegen. Seng Fraktioun ass och prinzipiell fir d’Participatioun vun der lëtzebuerger Arméi un engem geplangte Militärmanöver a Litauen. Allerdéngs erwaart hie sech a béide Fäll nach Detailer vum Verdeedegungsminister Etienne Schneider.

Den Interview vum Michel Delage mam Laurent Mosar:

Déi Gréng Fraktioun deet sech dogéint méi schwéier, souwuel mam méi grousse Bäitrag fir d’NATO wéi och mam Manöver. Ausdrécklech begréisse géif een héchstens den Ausbau vum Härebierg, net awer de Militärsatellit, sou de gréngen Deputéierte Claude Adam. De Militärmanöver a Litaue géif net zu enger Deseskalatioun am Ukrain-Konflikt bäidroen. Als NATO-Member kéint een sech net aus allen Decisiounen eraushalen. D’Memberschaft am Militärbündnis stellt déi Gréng Fraktioun net a Fro, eng Rei Entwécklunge geséich een awer kritesch.

Den Interview mam Claude Adam:

D'Reaktiounen vum Fernand Kartheiser (ADR) an vum Justin Turpel (déi Lénk) fannt Dir hei.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen