Geplangten Hausse vum NATO-Bäitrag: Reaktiounen
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser begréisst déi annoncéiert Opwäertung vum lëtzebuerger NATO-Bäitrag vu 0,4 Prozent vum PIB op 0,6 Prozent. Dat wier e klenge Schrëtt an eng scho laang versprache Richtung. Allerdéngs geet d’Truppestäerkt vun der lëtzebuerger Arméi net duer fir d’Obligatioune géigeniwwer der NATO an der EU z’erfëllen, sou de Fernand Kartheiser. Datt Lëtzebuerg sech un engem Manöver a Litaue wëll bedeelege wier e politesch opportune Geste vu Solidaritéit géigeniwwer engem NATO-Partner. Et wier awer e strategesche Feeler Russland als neie Feind vun der NATO unzegesinn.
Déi Lénk kritiséieren déi kontradiktoresch Politik vun der Regierung: engersäits plädéiert den Ausseminister Jean Asselborn fir eng De-Eskalatioun mat Russland, anerersäits gëtt bei der Eskalatiounspolitik vun der NATO matgemaach. De Justin Turpel bezeechent d’Militariséierung vun der lëtzebuerger Wirtschaft, sou wéi se vun der Regierung gedriwwe gëtt, als eng extrem geféierlech Tendenz fir d’Gesellschaft.
Den Interview vum Michel Delage mam Fernand Kartheiser (ADR):
Den Interview mam Justin Turpel (déi Lénk):