Justiz Georges Oswald gëtt Procureur d'Etat

De Georges Oswald gëtt 100,7-Informatiounen no neie Procureur d'Etat um Parquet an der Stad. De Georges Oswald ass zënter 2007 Procureur d'Etat adjoint. Hie wäert de Poste vum Procureur d'Etat Jean-Paul Frising iwwerhuelen, deen op den 1. Abrëll an d'Pensioun geet. Dat huet de Justizministère eis confirméiert.

jcf / cz

Exklusiv Justiz
Foto: Foto: Bigstock / vladek

Den Arrêté Grand-Ducal géif an den nächsten Deeg publizéiert ginn. Neie Procureur d'Etat adjoint gëtt de Jean-Jacques Dolar. De Georges Oswald hat sech ënner anerem en Numm gemaach als Procureur am laange Bommeleeërprozess, deen zanter geschwë sechs Joer op Äis läit.

Méi zum Thema

Ernest Nilles
Justiz

Den Ernest Nilles iwwerhëlt d'Funktioun vum Aloyse Weirich, deen dësen Hierscht no aacht Joer als Procureur d'Etat zu Dikrech an d'Pensioun geet. Den Ernest Nilles ass zanter néng Joer Juge d'instruction directeur.

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen