Generalvikar : "Ne me faites pas dire ce que je n'ai pas dit"

De Generalvikar Erny Gillen dementéiert kategoresch, eng Aschränkung vun der Pressefräiheet z'ënnerstetzen. Dat wier senger Meenung no och net de Sënn vun der Charta, déi den Imam vu Mamer proposéiert. Et géif ëm eng Charta vu gemeinsame Wäerter ënnert monothéisteschen Reliounen goen. Den Erny Gillen versteet net, datt dat elo als eng Limitatioun vun der Pressefräiheet gedeit gëtt.

D’Humanisten an d’Agnostiker vun der Associatioun AHA hunn dem Generalvikar an dem Imam virgeworf, d’Meenungs- a Pressefräiheet unzegräifen. RTL Telé huet den 13. Januar gesot, d’lëtzebuerger Kierch géif d’Iddi vum Imam vu Mamer luewenswäert fanne fir tëscht monothéistesche Reliounen e Codex ze definéieren, deen an all Fall misst respektéiert ginn. Déi Iddi kéint een am Conseil des Cultes verdéiwen. De Gil Goebbels huet den Erny Gillen gefrot, ob esou e Codex Limitatiounen fir d’Meenungsfräiheet virgesäit. Hei déi kloer Äntwert vum Generalvikar :


nbsp;Den Imam vu Mamer hat an enger Priedegt an och dem radio 100,7 géigeniwwer op eng zweedäiteg Aart a Weis gesot, dass hie fir d’Liberté d’expression ass, mä net fir d’Liberté d’insulte.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen