Fräie Mikro Genderen an der Schoul

An ëmmer méi Beräicher vun eisem Liewen gëtt gegendert. Dat ass wichteg, grad an der Schoul. Mee am Cours ass et awer net ëmmer sënnvoll, seet d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

Judith Reicherzer / rb

Meenung Judith Reicherzer
D'Judith Reicherzer ass Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv.

Bei der Schoulfoire koume Fuerscherinne vun der Uni Lëtzebuerg bei d'Stänn vun de Lycéeën. Si hu gekuckt, ob d'Schoulen och genderen. An Däitschland oder Amerika ass dat längst e Must. Mee zu Lëtzebuerg si gegendert Texter nach méi rar. Just e puer Schoule versichen, bei hirer Kommunikatioun ëmmer déi verschidde Geschlechter ze nimmen. Si schreiwen dann e Stär, e Slash oder si wielen déi laang Formule, bei där männlech a weiblech Persounen ugeschwat ginn.

Vill Pedagoge sichen no Weeër fir d'Gläichstellung liesbar ze maachen. Mee dobäi gëtt et Diskussiounen. Net just iwwer Stären oder Slashen, iwwer drëtt a véiert Geschlechter, mee och iwwer de Sënn vum Genderen am Cours.

De Sujet ass ganz delikat. Ween haut nach dogéint ass, ass verdächteg. Sproochpuristen dinn sech schwéier, hier Bedenken ze formuléieren, ouni datt et virun allem an intellektuelle Keeser en Opschrei gëtt. Wien sech do als Géigner vum Genderen out, gëtt séier als reaktionäre Macho mat äerzkonservative Wäerter ofgestempelt.

A ville Beräicher vun eiser Gesellschaft ass d'Gläichstellung vu Fra a Mann keng Fro méi - theoretesch. An der Schoul ass si meeschtens scho Realitéit. Schülerinnen a Schüler ginn d'selwecht behandelt, al Geschlechterrollen hu keng Plaz méi am Cours. An all Enseignant an Enseignante muss dat och agesinn.

D'Geschlecht decidéiert net, wat een am Liewe soll ginn

D'Schoul huet den Optrag gesellschaftlech Wäerter ze vermëttelen. A grad Jonker op der Sich no engem Liewensmodell misse gewise kréien, datt d'Geschlecht net doriwwer decidéiert, wat een am Liewe ka ginn a sinn.

Dowéinst gouf et wierklech Zäit, datt de Script lescht Joer e "Leitfaden für gendersensible Darstellung in Schulbüchern" publizéiert huet. Fir datt d'Kanner net just Geschichte liesen, wou d'Fra d'Kanner versuergt an de Mann schafft als Chef. Datt si och vu Fuerscherinnen a staarken Heldinnen héieren, a vu Pappen, déi fir hier Kanner do sinn.

Et ass wëssenschaftlech bewisen, datt d'Biller an d'Sprooch d'Rollebild vun eise Jonke prägen. Wien Professer liest, stellt sech dobäi e Mann vir - a keng Fra.

An awer däerf d'Genderen an der Schoul keng Verflichtung ginn. Op enger Uni sinn d'Studenten a Studentinne mat der Sprooch vertraut, an där si schaffen. An der Schoul ass dat net ëmmer de Fall.

Genderen fir vill Kanner eng weider sproochlech Barrière

Vill Kanner hei zu Lëtzebuerg musse fir d'éischt eng friem Sprooch léieren, fir méi komplex Texter an Inhalter ze verstoen. Friem Grammatik a komplizéiert Wieder, dat ass fir vill vun eise Schülerinnen a Schüler eng héich Barrière. A wann en Text gegendert ass, ass déi Barrière nach vill méi héich.

Am Lycée gëtt de Sujet Gender am Klassesall ëmmer erëm diskutéiert. Virun allem Sproocheproffe mussen sech rechtfäerdegen, wann si net genderen, oder d'Madame Bovary liese loossen, déi op de Prënz um wäisse Päerd waart.

Vill Enseignantë sinn och gäre bereet, dës Diskussioune mat de Jonken ze féieren. An awer decidéieren si am Cours net ze genderen. Si stellen d'Zil vum Sprocherwerb iwwer d'Gesellschaftspolitik, an et ass hiert gutt Recht.

Bei der direkter Kommunikatioun mat de Jonken ass dat awer eppes aneschtes. Do muss gegendert ginn. En Text vum Proff oder vun der Direktesch muss sech explizitt un d'Meedercher an un d'Jonge riichten. Fir datt sech all Mënsch ugeschwat fillt. An et ass och einfach de Respekt, den ee weist, wann een an enger Ried niewen de Sportler och d'Sportlerinnen ernimmt.

Dat ass vläicht komplizéiert, et nervt heiansdo, an et liest sech net ëmmer extra schéin. Mee mir sinn et eise Kanner schëlleg.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Denis Scuto Meenung
Fräie Mikro

D'Indexéierung vun de Léin a Gehälter ass eng vun de wichtegste soziale Conquêten aus dem 20. Joerhonnert. Zitt d'Regierung Léieren aus der Geschicht?, freet sech den Denis Scuto am Fräie Mikro.

Judith Reicherzer Meenung
Fräie Mikro

Nach zwee Deeg Schoul, dann hu si et gepackt. D'Schoul ass eriwwer, eis Primaner ginn heem a béchse fir d'Examen. Mee si ginn dobäi virun eng ganz haart Decisioun gestallt, fënnt d'Judith Reicherzer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen