Containerduerf fir Flüchtlingen Gemeng Stengefort steet zu hirem Engagement

Den Tribunal Administratif huet dat geplangtent Containerduerf fir Flüchtlingen zu Stengefort gestoppt. Dat heescht awer net, datt d'Gemeng sech elo aus hirer Verantwortung zitt, sou de Buergermeeschter Jean-Marie Wirth. D'Gemeng ass weider bereet, 300 Flüchtlingen opzehuelen a si an anere Wunnengen ënnerzebréngen.

Françoise Medernach / ys

Jean Marie Wirth
Jean-Marie Wirth

Et war d'Biergerinitiative vu Stengefort "Kee Containerduerf am Duerf", déi d’Plainte um Tribunal Administratif gemaach hat. Hiert Argument: An engem Containerduerf géifen d’Flüchtlinge ghettoiséiert ginn, an dat géif Problemer schafen.

E weidert Argument: um Site gouf eng rar Zort Fliedermais fonnt, déi geschützt ass. Wéinst deem Argument huet d'Geriicht de Projet elo gestoppt. Fir de Minister François Bausch ass d'Uerteel eng Katastroph, well elo och aner Bauprojeten a Gefor sinn.

D'Gemeng Stengefort bleift awer bei hirem Engagement, fir 300 Flüchtlingen opzehuelen, sou den CSV-Buergermeeschter Jean-Marie Wirth am 100,7-Interview. Allerdéngs ënnert der Konditioun, datt si a méi klenge Strukturen am Duerf ënnerbruecht ginn, sou wéi de Gemengerot dat scho virdrun decidéiert hat. Et solle just maximal 100 Leit an d'Containerduerf kommen, di aner 200 sollen an anere Logementer ënnerbruecht ginn. "Wann d'Containerduerf da kënnt", sou de Jean-Marie Wirth.

Inventaire vu méigleche Logementer

De Buergermeeschter wéilt elo di nächst juristesch Schrëtt ofwaarden. Och de Minister Bausch soll demnächst mat him Kontakt ophuele fir een Inventaire ze maachen, wou a wéi vill Wunnengen d'Gemeng ka bereet stellen. Den Ament stéinge fënnef Logementer prett.

D'Gemeng hätt och nach d'Méiglechkeet, déi al Schoul a dat aalt Paschtoueschhaus zu Hoen, grad wéi dat aalt Spidol zu Stengefort ëmzebauen. Wéi vill Leit do kéinten een neit Ënnerdaach fannen, kann de Stengeforter Buergermeeschter awer nach net soen.

"Mir si prett, mir waarden elo op de Minister, fir Kontakt opzehuelen", sou de Jean-Marie Wirth.

Gespréich mam Jean-Marie Wirth

Méi zum Thema

schwaarz Kaz am Containerduerf
Stengefort

D'Verwaltungsgeriicht huet Awunner vu Stengefort Recht ginn. Si hate géint d'Autorisatioun fir eng Struktur fir Flüchtlinge geklot. De François Bausch hat décidéiert, keng Ëmweltetude duerchzeféieren.

Kanner an enger Containerstruktur zu Tréier
Flüchtlingen

Eng nei Biergerinitiativ vu Stengefort wiert sech géint eng geplangte Containerstruktur fir Flüchtlingen an dreet mat juristesche Konsequenzen. Vun der Politik gi méi Transparenz a méi Dialog gefuerdert.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen