Kulturpolitik "Geleeënheet verpasst, well an der Regierung Parteipolitik gemaach gëtt"

Am Fräie Mikro schwätzt d'Danielle Igniti iwwert de Wiessel am Kulturministère an de Stellewäert vun der Kultur am Land.

Meenung Danielle Igniti.jpg
Danielle Igniti

Do ass e Staatssekretär, dee gäre Minister gëtt an all Mount e puer Dausend Euro méi wëll fir dat selwecht ze maachen. Do ass ee scho 15 Joer Buergermeeschter an hien hätt gären e schéinen Ofgang mat engem grousse Merci a Form vun engem Staatssekretärsposte fir der Nofolleg Plaz ze maache fir déi nächste Gemengewalen. Do ass dann och nach e jonke Kandidat, deen an d’Chamber noréckelt fir sech prett ze maache fir déi nächst Legislativwalen. Dat Geréckels ass politesch Strategie vum Feinsten.

Datt et an éischter Stell awer drëm gaangen ass eng Kulturministesch, déi hirer Tâche anscheinend net gewuess war, z'ersetzen, ass Niewesaach.

Mee et wier awer de Moment gewiescht fir eng kompetent Persoun, déi kulturpolitescht Verständnis huet, eng Renommée, eng Glafwierdegkeet, de Respekt an d’Vertraue vun de Kulturschaffenden, op de Ministeschposten ze setzen an endlech Konditiounen ze schafe fir eng serieux Kulturpolitik an d’Weeër ze leeden. Eng Persoun, déi och d’Autoritéit hätt fir d’Gouvernance am Ministère op Vordermann ze bréngen.

"De Problem fänkt schonn u bei der Regierungsbildung"

Des Geleeënheet ass verpasst ginn, well an der Regierung Parteipolitik gemaach gëtt. Dem Premier seng Suerg ass et, all d’Viraussetzungen ze schafe fir seng Partei fir déi nächst Wale gutt opzestellen. Et ass net dat, wat een ënner staatsmänneschem Verhale versteet. Mee et ass dat, wat Usus hei am Land ass.

De Problem fänkt schonn u bei der Regierungsbildung. Déi Spëtzekandidaten, déi hire respektive Parteie Sëtzer eragespillt hunn, musse belount ginn. E Sëtz am Oste bedeit e Ministeschposten, een am Norden och. Do gëtt et kee Pardon, och wann de Kandidat déi néideg Kompetenzen net matbréngt. Wien interesséieren da scho Kompetenzen. Et wiisst ee mat sengem Mandat, oder och net! An da kann een och nach wielen. Nee Merci, Kultur interesséiert mech net! Ech wëll de Sport! Ok, da kriss de de Sport! Merde, ween hëlt dann d’Kultur? Mat der Kultur wënns de kee Staat! Huel du d’Kultur, dat gefält der bestëmmt ! A wann de Ministär da bis eng Faarf huet, da kann dat och net méi geännert ginn, och net wann d’Regierungspartner eventuell gutt Kandidate fir de Posten op Lager hätten. An ee Net-Gewielten op de Poste setzen, dat geet nëmmen a ganz eeschte Fäll, wann et em eppes Wichteges geet, wéi an de Finanzen zum Beispill. Dat Ganzt ass net serieux an hëlleft net géint d’Politikverdrossenheet.

"We’re fucked, let’s dance!"

Mee op jiddefall ass et elo kloer, datt d’Kultur net eescht geholl gëtt. Si huet kee staatstragende Stellewäert. Si kënnt emol net op 1 Prozent vum Staatsbudget. Si ass e Gadget, eng Deko, en Truc, deen een opspille léisst fir de Schäuble z’ameséieren no engem schwéiere Schaffdag. Datt Kultur bäidréit zum sozialen Zesummenhalt, zur territorialer Entwécklung, zur Identitéit vum Land, zum Prestige vun der Natioun, dat schéngt kengem opzefalen. Datt Kulturpolitik Gesellschaftspolitik ass, kënnt net eriwwer. An do ass des Regierung, déi sech gären e progressiven an zukunftsorientéierten Air gëtt, ganz no bei der populistescher, primitiver Opfaassung vu Kultur, déi ganz regressiv Oppositiounspolitiker verdeedegen.

Gutt, datt déi Kulturschaffend Widderstandspotential hunn. Och dat gehéiert zur Kultur! Si soen: « Mamma Mia », oder, a léiwer mam Filip Markiewiecz : We’re fucked, let’s dance!

Lauschtert der Danielle Igniti hire fräie Mikro:

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Danielle Igniti
Lauschteren

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen