Wirtschaftschronik Betribsgeheimnis vs. allgemengen Interessi

Am Europaparlament huet dës Woch eng Majoritéit vun den Députéierten fir déi nei Direktive iwwer de Schutz vum Betribsgeheimnis gestëmmt. Et ass een Text, dee Froen opwërft, zumools an Zäite vu Panama Papers a Luxleaks-Prozess, mengt d'Christiane Kleer an der Wirtschaftschronik. Et geet em de Schutz vu Journalisten a Whistleblower.

Christiane Kleer

Meenung Christiane Kleer
Direktiv iwwer de Schutz vu Betribsgeheimnisser: wéi geschützt si Journalisten a Whistleblower?

Mir schreiwen d’Joer 2005. Et ass Ufank Oktober – den zweetleschten Dag vun der Rallye vu Japan ass grad op een Enn gaang. An der Nuecht geschitt een Tëschefall: een oder méi Onbekannter klauen dee Pneu op deem de franséische Produzent Michelin jorelaang ënner héchster Geheimhaltung geschafft huet, an op deem den Elsässer Rallyepilot Sebastien Loeb seng éischt Titelen agefuer huet.

De sougenannten "Z BTO" war als “magesche Pneu” bekannt. De Schock bei Michelin war grouss, de Schued och: Konkurrenten respektiv Fälscher kéinten un Hand vun deem Pneu fënnef Joer Aaarbecht am Beräich vu Recherche- an Entwécklung spueren, sou d’Entreprise deemools.

Viol vu Betribsgeheimnisser: all véierte Betrib betraff

De Fall ronderëm de magesche Pneu ass an de leschten Deeg rëm méi dacks an Erënnerung geruff ginn. An zwar haaptsächlech vun deenen Europadeputéierten déi dës Woch fir déi nei Direktive iwwer de Schutz vum Geschäftsgeheimnis vun Entreprisë gestëmmt hunn. Der Kommissioun no hätt 2013 all véierte Betrib an der EU schonn ee Fall vu Viol vu Geschäftsgeheimnisser gehat.

Déi europäesch Industrie, haaptsächlech kleng a mëttler Entreprisen, an all déi aner déi aus ënnerschiddlech Grënn hier Produite net patentéieren loossen, besser géint Industriespionage wappnen an doduerch den europäesche Bannemaart stäerken, dat ass – vereinfacht gesot – d’Zil vum Text. Affer vun Industriespionage, an Entreprisen déi intern Ënnerlage geklaut kréien, sollen sech an Zukunft a ganz Europa tsälwecht mat juristesche Schrëtt dogéint wiere kënnen.

Eng erstaunlech Ausso

A gutt zwou Woche fänkt hei zu Lëtzebuerg de sougenannte Luxleaks-Prozess un. Wéinst vol domestique, violation du secret professionnel, violation de secrets d'affaires a Blanchiment muss den Antoine Deltour sech viru Geriicht veräntweren. Mat ugeklot ass notamment de franséische Journalist Edouard Perrin. Um Ufank vum Prozess stoung eng Plainte vu PWC, där Entreprise fir déi den Deltour geschafft huet.

D’Ënnerstëtzer vun Deltour a Perrin hoffen, datt déi zwee mat enger symbolescher Strof dovu kommen. D’Geriicht misst dofir allerdéngs uerteelen, datt déi zwee am Interessi vun der Allgemengheet gehandelt hunn.

Grad deen Interessi vun der Allgemengheet ass och een Element vun der Direktiv iwwer de Schutz vum Geschäftsgeheimnis. Déi franséisch Europadeputéiert a Rapportrice vun der Direktive, Constance le Grip, huet an deem Kontext en Dënschdeg eng schonn erstaunlech Ausso gemaach. Si sot: wa mer virdru wieren, an déi Direktive sou an Lëtzebuerger Gesetz ëmgesat gi wier, da wier et net zu engem Luxleaks-Prozess komm.

Luxleaks-Prozess decisiv

Effektiv gesäit den Artikel 5 vun der Direktiv vir, datt eng Persoun déi eben am allgemengen Interessi gehandelt huet, keng Poursuite wéinst Divulgatioun vun engem Betribsgeheimnis muss fäerten. Domat wiere Journalisten an och Whistleblower geschützt, sou d’Argumentatioun. Dat ass interessant, och an Zäite vu Panama Papers.

Allerdéngs dierft et net einfach ginn – fir déi zukënfteg Concernéiert – ebe grad ze beweisen an och Geriichter dovun ze iwwerzeegen, awéiwäit si am Interessi vun der Allgemengheet gehandelt hunn. Ausser: de Luxleaks-Prozess géif de Géigendeel weisen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen