Gehälteraccord: Retard

De Gehälteraccord an d’Statutereform an der Fonction Publique kënnen net ewéi geplangt den 1. Januar a Kraaft trieden. Den Avis complementaire vum Staatsrot feelt nämlech nach.

Iwwert déi néng Gesetzesprojete wäert deemno net bis Enn dës Joers an der Chamber kënnen ofgestëmmt ginn. Sou wéi et elo ausgesäit, kéint de Staatsrot nach viru Chrëschtdag säin Avis an enger Plenière guttheeschen. Am Januar a Februar sinn eng ganz Rei Sitzunge vun der zoustänneger Chamberkommissioun virgesinn, esou den LSAP-Députéierten a President vun der Kommissioun, den Yves Cruchten op Nofro hin.

Sollt de Staatsrot a sengem avis complémentaire nach formell Oppositioune formuléieren, da misst den Text rëm amendéiert ginn. Enn Mäerz wier ee spéitstens prett fir déi 9 Gesetzesprojeten an der Chamber ofzestëmmen.

Um Enn soll dëse Retard awer keen Impakt hunn op d'Ëmsetze vum Gehälteraccord. Dee gëtt da réckwierkend op den 1. Januar applizéiert.

De Bäitrag vum Carole Schimmer:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen