Gazasträif: Interview mam Majed Bamya

“Ouni en Enn vun der Besatzung kann et kee Fridden an der Regioun ginn”, dat seet de Majed Bamya. Den éischte Sekretär am palästinenseschen Ausseministère vergläicht Israel am 100,7-Interview mam fréieren Apartheid-Regime a Südafrika. De Problem am aktuelle Krich wären net d’Rakéiten déi déi radikal-islamesch Hamas op Israel schéisst, mee d’Occupatioun, d’Ënnerdréckung an de Blockage vun der Gazasträif.

Am Westjordanland ass haut den Owend eng grouss Manifestatioun geplangt, fir géint de Bombardement vu der Populatioun an der Gazasträif ze protestéieren. Ënnert dem Slogan “de Marsch vun den 48.000” wëll ee vu Ramallah aus, duerch déi israelesch Checkpointe bis op Jerusalem marschéieren. Erwaard ginn sech zéng Dausende Manifestanten, souwéi Widderstand vun der israelescher Arméi.

Den Interview vum Mick Entringer:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen