"Garantie fir Erneierung" oder "Schnapsiddi"?
Soll een d’Mandat fir Regierungsmemberen op 10 Joer um Stéck begrenzen? Dat ass eng vun den 3 Froen nächste Sonndeg beim Referendum. Am Kader vun eiser Dossier-Serie (den éischten Deel fannt Dir hei) virum Referendum geet et haut ëm d’Limitatioun vum Mandat fir Regierungsmemberen op zéng Joer um Stéck. Soll et eng Limite ginn oder net? Am Christian Welter sengem Dossier vum Dag komme fréier Ministere grad wéi aktuell Regierungsmemberen an Deputéiert ze Wuert, dorënner den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider, de fréieren LSAP-Minister Robert Goebbels, déi fréier CSV-Ministerin Marie-Josée Jacobs an den DP-Minister Claude Meisch:
Aner Argumenter fir oder géint d'Begrenzung vun de Ministermandater dréien ëm de Wielerwëllen an ëm déi international Erfahrung vu lëtzebuerger Politiker: