Medien Fuerscher recommandéieren Zenter fir Faktencheck

Et ginn zum Deel héich Risike fir de Medie-Pluralismus hei am Land: dat weist de Lännerbericht Lëtzebuerg, deen de "Centre for Media Pluralisms and Media Freedom" viru Kuerzem publizéiert huet.

Serge Kesseler

Verschidde Presseoranger

Lauschteren


D'Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg Raphaël Kies a Mohamed Hamdi hu festgestallt, datt et besonnesch héich Risike wéinst der Konzentratioun vun de Besëtzer vun de Medien an der Konzentratioun bei den Online-Plattforme gëtt.

Verbesserten Informatiouns-Zougank néideg

An hire Conclusioune stellen d'Fuerscher fest, datt et verschidde Méiglechkeete fir Verbesserungen an der nationaler Medielandschaft ginn.

Dozou gehéiert zum Beispill de verbesserten Informatiouns-Zougank fir Journalisten, Reegele fir eng gerecht Verdeelung vun den indirekte staatleche Subsiden an eng verbessert Offer bei RTL a radio 100,7 fir sproochlech Minoritéiten. Donieft recommandéieren d'Fuerscher d'Schafe vun engem nationalen Zenter fir Fakten ze iwwerpréiwen: e Schrack géint Desinformatioun an de Lëtzebuerger Medien, esou de Fuerscher Mohamed Hamdi.

"Et sinn elo an der Zäit vu Corona, waren immens vill falsch Noriichten haaptsächlech online. Par conter dierf een do och net de Risiko agoen, op eng willkürlech Aart a Weis ze decidéiere wat richteg a wat falsch ass, dat heescht do gëtt et e Risiko wat de Faktencheck ugeet."

Et wier awer wichteg fir d'Medien, doriwwer z'informéiere wat falsch a wat wouer ass.

Immens héich Konzentratioun

Wat d'Risike fir de Medie-Pluralismus ugeet, wier déi "immens héich Konzentratioun zu Lëtzebuerg" e vun de Problemer. Dat géif sech duerch d'Gréisst vu Lëtzebuerg a vum Marché erklären: "Et gëtt natierlech manner Leit zu Lëtzebuerg, déi consomméieren, och manner Publicitairen, déi hei investéiere kënnen."

Hei am Land géifen et vill Medie ginn, déi awer nëmme wéinege Medienhaiser gehéieren, esou de Fuerscher, deen dëst Beispill nennt.

"RTL huet e Quasi-Monopol wat d'Radioslandschaft ugeet, huet e volle Monopol wat d'Télé ugeet, wann een elo vun Nordliicht-TV an Uelzechtkanal ofgesäit. An dann ass RTL och den Haaptplayer wat d'Online-Press ugeet. Do gëtt et eng immens staark Konzentratioun."

E Gesetz géint d'Konzentratioun am Medie-Beräich géif et awer net ginn, stellt de Mohamed Hamdi fest. D'Kontroll-Autoritéit ALIA hätt iwwerdeems net all déi Kompetenzen, déi si sollt hunn.

D'Pressefräiheet an de Mediepluralismus an Europa wieren an de leschte Jore generell erof gaangen, esou de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg. D'Zil vun de Lännerberichter vun den EU-Member- a Kandidatestaate wier et, ze moosse wéi d'Situatioun sech entwéckelt a fir Verbesserungen ze erreechen.


Note vun der Redaktioun: De Mohamed Hamdi ass fräie Mataarbechter an de Raphaël Kies Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.

Méi zum Thema

Zeitungen
Press

D'Chamber huet d'Reform vun der Pressehëllef ugeholl. Déi staatlech Aide kënnen och vun Online- a gratis Medien ugefrot ginn. Haaptännerung ass, datt d'Hëllef net méi op déi geschriwwene Säite berechent gëtt.

2021-03-12_Theater_Fake_Facts_Copyright_Shutterstock_Webseite_07.jpg
Konferenzen

Die bewusste Verbreitung falscher Informationen ist ein historisches Phänomen, doch durch die Digitalisierung der Medien beschleunigte sich auch die Verbreitung von Falschnachrichten.

Zeitungen
Lëtzebuerger Presselandschaft

D'lescht Joer gouf et vill Beweegung am Lëtzebuerger Mediesecteur. De Bistum zitt sech bei Saint-Paul zeréck, de Journal publizéiert an Zukunft just nach online an et gouf e gesetzleche Kader fir den 100,7 annoncéiert.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen