Fuerderungen a Kritike vum Syndikat vun der Force publique
De Rekrutéierungsproblem bei der Police an der Arméi war een Thema op der akademescher Sitzung fir de 50. Anniversaire vum Berufs-Syndikat vun der Force Publique zu Dummeldeng.
Gefuerdert gëtt, datt séier eppes geschitt. 1.500 jonk Leit ënner 25 Joer, déi fir d’Carrièren a Fro kommen, wieren de Moment bei der ADEM ageschriwwen.
D’Léise vum Rekrutéierungsproblem war nëmmen eng vun de Fuerderungen un d‘Regierung. De Beruffs-Syndikat vertrëtt eng 3.000 Leit aus der Force publique, an ass domat den drëtt-gréisste Syndikat an der CGFP.
De kompletten Interview vum Serge Kesseler mam Patrick Frantz, President vum Syndikat vun der Force Publique.