Gewerkschaften Fuerderunge vum OGBL an LCGB um éischte Mee

"Déi schaffend Leit wäerten net fir dës Kris bezuelen", esou eng zentral Ausso vun der OGBL-Presidentin hirer Ried de Moien op der Éischt-Mee-Feier virum Gemengenhaus zu Esch. Den LCGB sengersäits fuerdert eng national Tripartite, och fir d'Relance vun der Ekonomie virzebereeden.

Serge Kesseler / Carole Schimmer / cbi

OGBL
Den OGBL huet sech virum Gemengenhaus zu Esch versammelt

E Réckfall an eng Austeritéitspolitik hei am Land géifen OGBL a Landesverband net acceptéieren, esou d'Nora Back. Wann néideg, da soll eng progressiv Corona-Steier fir déi iewescht 10 Prozent agefouert ginn.

Gewarnt huet d'Gewerkschaftspresidentin virun enger privater Kommerzialiséierung vun der Gesondheet a virun enger "sozialer Katastroph" wéinst den héije Logementspräisser.

Wann de Patron Liberty Steel net kéint retten, da misst den Tabu vun der Nationaliséierung vum Galvaniséierungs-Wierk zu Diddeleng gebrach ginn, esou d'Nora Back um Dag vun der Aarbecht.

LCGB fuerdert Tripartite

Um éischten Mee huet den President vum LCGB, de Patrick Dury, zwou Prioritéiten a senger Ried an de Mëttelpunkt gesat: de Schutz vun der Gesondheet an d'Ofséchere vun den Existenze vun de Salariéen.

De chrëschtleche Gewerkschaftsbond fuerdert d'Aberuffe vun enger nationaler Tripartite, mat engem État des lieux vun der aktueller ekonomescher a sozialer Situatioun an den eenzele Secteure vun der Ekonomie. D'Tripartite misst och d'Relance vun der Ekonomie virbereeden.

Spezifesch fir d'Salariéen aus dem Horeca-Secteur misst de Chômage partiel weider bestoe bleiwen, bis datt d'Ekonomie sech erholl huet. Weider war et d'Fuerderung d'Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. Den LCGB fuerdert weider d'Erhéijung vum Mindestloun, dee gekoppelt mam Crédit d'impôts, substantiell iwwer d'Aarmutsgrenz muss gehuewe ginn.

Ganz kritesch war den Patrick Dury iwwer déi vill Stierffäll an den Altersstrukturen. Hie fuerdert, datt d'Leit just nach vun Mataarbechter betreit ginn, déi geimpft sinn. Et dierft ee sech do net hanner dem Dateschutz verstoppen a kloer fuerderen, datt d'Haiser an Zukunft wëssen, wie vum Personal geimpft gouf.

Am Spidols- a Fleegesecteur huet den LCGB eng aner Politik gefuerdert fir dem Manktem u Personal entgéintzewierken.

Méi zum Thema

Liberty House
Stolindustrie

Wéi geet et mam Galvaniséierungswierk zu Diddeleng weider? Zanter der Faillite vum Financier vum Proprietär Liberty House steet déi Fro am Raum. An deem Dossier kënnt een net dolaanscht, d'Roll vun Europa ze thematiséieren.

Net verpassen

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen