Frequenze vu Militär-Satellit sollen net fir Drohnen-Attacke benotzt ginn
Fir de geplangte Militär-Satellit ze bedreiwe wëll d'Regierung eng joint venture zesumme mat SES grënnen. De Staat an SES sollen all Kéiers 50 Milliounen Euro investéieren an zesummen 115 Millioune léinen. Am ganzen also 215 Milliounen Euro, esou de Verdeedegungs- a Wirtschaftsminister Etienne Schneider virun den zoustännege Chamberkommissiounen.
Eng Etude vun engem lëtzebuerger Affekote-Bureau wier zur Conclusioun komm, datt et keng juristesch Problemer beim Projet gëtt. Den Etienne Schneider huet präziséiert, datt d'Frequenze vum Satellit just fir Iwwerwaachungs- a Lokalisatiouns-Drohne solle benotzt ginn. Drohnen déi Attacken duerchféieren, sollen aus de Kontrakter mat de Clienten ausgeschloss ginn. De Projet géif en zweestellege Rendement erabréngen, esou nach den Etienne Schneider.
De Bäitrag vum Gil Goebbels: