Fréieren NSA-Chef Minihan am 100,7-Interview

Den Lieutenant General Kenneth A. Minihan war vun 1996 bis 1999 Direkter vun der National Security Agency. Lo ass hien un der Schnëttstell tëscht dem ICT-Secteur an de Geheimdéngschter aktiv: Seng Venture Capital Firma “Paladin Capital Group” investéiert a Start-Ups, déi Sëcherheetstechnologieën entwéckelen, déi och fir d’NSA kënnen nëtzlech sinn. Der New York Times no, gëtt et keng aner Persoun, déi déi ëmmer méi enk Relatiounen tëscht der NSA a Silicon Valley besser verkierpert, wéi de Kenneth Minihan. Mat däer Beschreiwung seet dee Concernéierten sech am 100,7-Interview net d'accord. Och net korrekt sinn dem fréieren NSA-Chef no iwwerdeems déi meescht vun de Medieberichter iwwert d’Dokumenter, déi den Edward Snowden public gemaach huet (wéi zum Beispill en Documentaire gëschter um däitsche Sender ARD iwwert der NSA hiren Interessi u Leit, déi mat der Anonymiséierungstechnologie Tor a Kontakt kommen).

Lëtzebuerg wier iwwerdeems eng ideal Plaz fir een “Exzellenz-Zentrum” fir Investissementer an nei Cyber-Technologien opzebauen: am Kader vun der “ICT Spring Conference” huet de Kenneth Minihan entspriechend Gespréicher mat de lokalen Acteure gefouert. Am Gespréich mam Pia Oppel erklärt de 70 Joer ale fréieren Air Force Offizéier och, firwat d’NSA-Affär a sengen Ae kéint positiv Konsequenzen hunn fir d'Demokratie an och fir d'Relatiounen tëscht den USA an der EU. De Kenneth Minihan ass sech iwwerdeems sëcher, dass mir weder am Szenario vum Orwell sengem "1984", nach am Huxley senger “Brave New World” liewen:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen