LSAP Franz Fayot: "Ech sinn interesséiert Minister ze ginn"

D'LSAP ass op der Sich no engem neie Minister. Wéini de Poste fräi gëtt, ass nach net kloer. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet nämlech bis elo just gesot, datt hie säi Mandat net fäerdeg mécht. Wéini hien zrécktrëtt, ass nach net kloer.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Franz Fayot
Den LSAP-President Franz Fayot

De Franz Fayot ka sech virstellen, den Etienne Schneider an der Regierung ze ersetzen. Dat wier en "Challenge", deen hien natierlech géif interesséieren, esou den LSAP-President.

"Wann ee Politik mécht, an et huet een d'Chance an d'Chamber gewielt ze ginn, dann ass et kloer: Wann een eng d'Chance kritt op e Ministerposten, wou een nach eng Kéier ganz aner Gestaltungsméiglechkeeten huet wéi als Deputéierten - da mécht een dat och. Dat huet mat Verantwortung ze dinn, an domat, datt ee sech net zitt virun esou engem Mandat, wann een déi Opportunitéit dann eng Kéier kritt."

De Franz Fayot betount, d'Partei misst schlussendlech awer gemeinsam decidéieren, wie Minister gëtt. Et géif sech nämlech och ëm e strategesche Choix handelen: Ouni den Etienne Schneider bräicht d'LSAP am Zentrum en neit "Zuchpäerd" fir déi nächst Wahlen.

De Marc Angel ass och interesséiert

Nieft dem Franz Fayot kann och den zukünftegen Europadeputéierte Marc Angel sech virstellen an d'Regierung nozeréckelen, obwuel hien am Dezember soll Europadeputéierte ginn. Ass dat gutt fir d'Glafwierdegkeet vun der Partei?

"Wann een eng Europacampagne mécht, an et ass een e motivéierten, an iwwerzeegten Europäer wéi de Marc Angel dat ass - dat huet hie bewisen iwwer laang Joren, als President vun der aussepolitescher Kommissioun an der Chamber. An et huet een e kloert Bekenntnis gemaach, zu dem Mandat am Europaparlament. Dann ass et natierlech net evident, fir dann no e puer Méint zeréck op Lëtzebuerg ze kommen."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

LSAP-Wahlkongress, Juli 2018
Parteipolitik

D'LSAP wëllt sech erneieren. Um Parteikongress ginn een neie Parteipresident a Generalsekretär bestëmmt. Fir déi zwee wichtegst Responsabilitéitsposte gëtt et awer wéineg Interessi.

Programm

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen