Fräie Mirko: Biergerbedeelegung a “Réforme Administrative”

Am Programm vun der neier Regirung steet ze liesen, datt d’Bedeelegung vun de Biergerinnen a Bierger um politische Prozess soll verstärkt ginn. Sou sollen, an Zesummenhang vun der Verfassungsreform a virun de Referenden, Biergerforen organiséiert gin. E Gesetzprojet soll deposéiert ginn, fir d’Rechter vun de Biergerinnen a Bierger op Informatioun an Asiicht an administrativ Dokumenter ze erweideren. Allgemeng sollen di administrativ Prozeduren vereinfacht a méi transparent ginn, souwuel am Interessi vum Bierger wéi och vun diem vun eiser wirtschaftlecher Kompetivitéit.
ëtt Biergerbedeelejung also domat méi grouss geschriwen? A wa jo, wéi gëtt dat vun der Regierung elo an d’Praxis emgesat? Geet de Gesetzesprojet iwwert d’Réforme Administrative an déi Richtung?

Dat ass den Thema vum fräie Mikro vum Theid Faber:

[audio mp3"http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-12-02-tf-kro-fraie-Mikro-Biergerbedeelegung.mp3"][/audio]

 

De Regierungsprogramm gesäit eng Rei Moossnamen am Sënn vun enger besserer Informatioun an enger verstäerkter Bedeelegung vun de Bierger vir. Ech zitéieren: “ Le gouvernement entend renforcer l’association des citoyens à la vie politique et promouvoir le démocratie participative.”

Di ugekënnegt Moossnamen sinn ouni Zweiwel e Schratt an di richteg Richtung. Ee Joer, nodeems d’Regierung am Amt ass, lount et sech ze kucken, a wéiwäit sech eppes an der Praxis gedoen huet.

Eng vun éischten Initiative vun der Regierung war jo – niewent dem Festleeë vun de Referendums-Froen – d’Ausschaffe  vum Projet iwwert d’simplification administrative, dem sougenannten “Omnibus”-Gesetz. Duerch dat Gesetz sollen eng Rei anerer ëmgeännert an och zum Deel harmoniséiert ginn. Sou  dat iwwert d’PAGe vun de Gemengen, d’Gemengegesetz selwer, dat vum Logement, vum Denkmalschutz, vum Kommodo-Inkommodo an anerer. Alles schéin a gutt!

Mee et fält op datt de Projet an éischter Linn Bestëmmungen enthält, déi am Interessi vu Betriber sinn, also am Déngscht sti vun der wirtschaftlecher Kompetitivitéit. Datt eppes fir d’Betriber gemaach gëtt, ass jo u sech och absolut an der Rei, sou laang et net op Käschten vum Allgemenginteressi respektiv vu Rechter vun den eenzelne Bierger a Biergerinne geet. A sou laang d’“Dereguléierung”, well déi verstoppt sech jo do hannendrun, net zu engem Selbstzweck gëtt.

Wat awer net an der Rei ass, dat ass, datt de Bierger an deem Projet quasi vergiess ginn ass, respektiv souguer Rechter solle beschnidde ginn. Et schéngt mer duerfir noutwenneg ze sinn, d’Réforme Administrative och verstäerkt aus der Perspektiv vun de Biergerinnen a Bierger ze gesinn, a se net nëmmen an den Déngscht vun de Betriber ze setzen. Eng Reform muss jidderengem ze gutt kommen.

Noutwenneg Moossnamen an deem Sënn sinn zum Beispill d’online setze vu Kommodo-Inkommodo Prozeduren an den Dossieren, déi derzou gehéieren oder vun Ënnerlagen an Zesummenhang mat dem PAG vun der Gemeng, eng allgemeng verständlech Duerstellungen vu Gesetzer a Prozeduren, en allgemengt Recht op Asiicht vun Informatiounen am Sënn vum “Freedom of Information Act” an Amerika, kloer Uspriechpartner a Verwaltungen a Ministerie fir bestëmmt Dossieren a Weideres méi.

Mee iwwert d’Informatioun eraus geet et awer och drëm, verstäerkt eng gesellschaftlech Diskussioun iwwert wichteg Froen, en Austausch vu Meenungen an Argumenter erbäi ze féieren, dëst och um kommunale Plang. Ee Beispill fir ze weisen, datt dat geplangte Gesetz iwwert d’Simplification Administrative an deem Kontext souguer an di entgéintgesate Richtung geet:

D’Entwécklung vun eise Gemenge gëtt jo staark vun de Bebauungspläng, de PAGe geprägt. Virun der Opstellung vum PAG selwer, muss dem aktuelle Gesetz no, eng “Étude Préparatoire” gemaach ginn, déi kuckt wéi d’Gemeng sech an deenen eenzelne Beräicher an de läschte Joeren entwéckelt huet a wéi eng Szenarien ee sech fir d’Zukunft ka virstellen: soll d’Gemeng weider wuessen? Oder nëmmen a Mossen? Wéi a wou kënne mer als Gemeng erschwéngleche Wunnengsbau maachen? Wéi steet et ëm d’Mobilitéit an der Gemeng? Wei em d’Liewensqualitéit? Wat wëlle mer a Saachen Denkmalschutz maachen?

Amplaz déi grondsätzlech Iwwerleeungen, déi am Virfeld vun engem PAG nun eben gemaach musse ginn, elo verstäerkt ze notze fir mat de Bierger a Biergerinnen iwwert d’Zukunft vun hirer Gemeng ze diskutéieren, solle se an Zukunft eng manner grouss Roll spillen, vu verstäerkter Bedeelegung vun de Bierger geet en plus do keng Riets. Dobäi hu grad di rezent Diskussiounen iwwert di sektoriell Pläng, a besonnesch iwwert dee vum “Logement” gewisen, wéi héich den Interessi iwwert sou fundamental Froe vun eiser Zukunft sinn.

An datt Biergerbedeelegung konkret eppes bréngt, weisen rezent Beispiller. Zu Ettelbréck am Kontext vum Aménagéiere vun enger Plaz respektiv der Mobilitéit, an der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Schëtter oder och an anere Gemengen an Zesummenhang mat dem neien PAG. Biergerbedeelegung mécht Sënn: d’Wësse vun de Bierger gëtt genotzt, Interessekonflikter kënne verhënnert oder reduzéiert ginn, breet Bevëlkerungsschichte kennen agebonnen- an d’Identifikatioun mat Projeten erhéicht ginn.

Duerfir kann eng gutt organiséiert Biergerbedeelegung, niewent enger lieweger Demokratie, och zu méi kuerze Prozeduren  bäidroen. An domat hëllefen, zwou Mécke mat engem Schlag ze schloen…

Eis Gesellschaft steet virun enormen Erausfuerderungen, wéi d’Schéier vun Aarm a Räich déi ëmmer weider ausernee geet, d’Aarbechtslosegkeet déi zouhëlt, di ëmmer méi grouss Anonymiséierung vun eisem Ëmfeld, mee och um globalem Niveau wéi z.B. d’Klimafro. Froen déi och onse Liewensstil a Fro stelle kënnen. En Ëmbroch vun der Gesellschaft setzt e breede Konsens, souwuel um nationalen, wéi och um kommunalen Niveau viraus, wéi mer muer wëlle liewen, schaffen, wunnen, eis weiderbilden…

Esou e Konsens kann net fonnt ginn, wann d’Diskussiounen iwwert wichteg Froen hannert zouenen Diere gefouert ginn. Noutwenneg ass villméi, datt ee verstäerkt Verständnis fir géigesätzlech Positioune schaaft, Froen aus ënnerschiddleche Perspektive gesäit an esou probéiert ënnerschiddlech Standpunkten zesummen ze féieren. Duerzou kann eng verstäerkte Biergerbedeelegung hiren Deel sécher bäidroen.

Wien eng “Démocratie Participative” wëllt, wéi et am Regierungsprogramm heescht, muss den Aspekt vun der Informatioun an der Bedeelegung vum Bierger ënner anerem och an  d’“Réforme Administrative” mat abezéien. Soss bleift dat Ganzt Makulatur.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen