Fräie Mikro D'Grenze vun eisem Wuesstum

Haut viru 50 Joer goung zu Stockholm d'UNO-Konferenz iwwert d'mënschlech Ëmwelt op en Enn. Firwat schloe mir hier Erkenntnisser an de Wand, freet sech d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante.

Simone Beck

Simone Beck
Foto: Archiv

1972 war e wichtegt Joer fir d'Ëmweltbewosstsinn op der ganzer Welt. Ufank Mäerz hat de Club of Rome, e Grupp vu renomméierten internationale Wëssenschaftler, déi berüümt Etude "Die Grenzen des Wachstums" virgestallt. D'Haaptausso vun dëser Studie war, datt jidderengem Eenzele seng lokal Handlunge global Auswierkungen hunn, och wann ee se net direkt gesäit. Mat Hëllef vu Computersimulatiounen hunn d'Fuerscher d'Auswierkunge vun Industrialiséierung, Bevëlkerungswuestem, Liewensmëttelproduktioun, d'Ofbaue vun net erneierbaren Energiequellen an Zerstéierung vu Liewensraum ënnersicht. Si koumen zur Konklusioun, datt, wann de Mënsch esou weider fiert, d'Grenze vum Wuesstum an circa 100 Joer erreecht wieren. An elo sinn der scho 50 laanscht...

Et ass evident, datt esou eng Etude eng grouss Auswierkung op d'UNO-Konferenz vu Stockholm hat, déi e puer Méint méi spéit stattfonnt huet. Fir d'éischt gouf do kloer an däitlech ënnerstrach, datt et net méiglech ass, global Probleemer lokal ze léisen. Am Géigendeel: eng grenziwwerschreidend weltwäit Zesummenaarbecht ass néideg fir d'Ëmweltproblemer an Ugrëff ze kréien. Dobäi muss allerdéngs de Spagat fäerdeg bruecht ginn, d'wirtschaftlech Entwécklung net aus den An ze verléieren. D'Schlussdeklaratioun vun der Stockholmer Konferenz vun 1972 gouf gemeinsam vun Industriestaaten a Schwellelänner ausgeschafft a gëllt als Grondstee vun deem, wat een haut nohalteg Entwécklung nennt.

Vu Rio bis d'Agenda 2030

20 Joer duerno koum et zu der grousser UNO-Ëmwelt Konferenz zu Rio de Janeiro, déi rechtlech bindend Konventioune geschaaft huet: duerch déi eng sollten Emissioune vun den Zäregasen esou stabiliséiert ginn, datt de Klima net a Gefor kéim. Déi zweet Konventioun huet de Schutz vun der biologescher Vilfalt op der Äerd festgehalen.

2015 gouf zu Paräis iwwert de Klima diskutéiert an zu New York koum déi grouss UNO-Konferenz zesummen, déi déi 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung festgehalen huet, déi mer bis 2030 sollten erreecht hunn. Dës Ziler betreffen net nëmmen Natur an Ëmwelt, mee och Bildung, gesellschaftlech Strukturen, Kampf géint Honger an Aarmut oder nach d'Entwécklung vu Stied.

An elo?

Allerdéngs musse mer ons haut froen, wat déi wichteg Konferenzen a Konventioune bruecht hunn. Eng Millioun Déieren- a Planzenaarte sinn haut vum Ausstierwe bedreet. A mat hinnen ass och de Mënsch a Gefor. Mir hu scho laang keng Kierwelecke méi gesinn a vermësse Päiperleken a Beien. Ons Bëscher si krank an d'Déieren, déi mer iessen, ginn an oft fierchterleche Konditioune gehalen a gemäscht. Iwwerschwemmungen, Dréchenten a Stierm huelen zou, d'Gletscher ginn zeréck an den Niveau vun de Mierer klëmmt.

Si mer eis et eigentlech bewosst, datt mir duerch ons Liewensaart ons selwer den Teppech ënnert de Féiss ewechzéien? Et géif kengem Déier afalen, deen Environnement, deen et zum Liewe brauch, bewosst a systematesch futti ze maachen. Mir hunn ze laang mat där Iwwerzeegung gelieft, datt de Mënsch iwwert der Natur steet an si dofir dominéieren an ausbeute kann. Wéini gesi mer an, datt mer alleguerten en Deel vun där Natur sinn an datt - wa si krank ass - mir et och ginn?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Simone Beck
Lauschteren

Méi zum Thema

Riicht Eraus: op d'Land
Riicht eraus

"Fréier war d'Duerf de Leit hir Welt, haut ass d'Welt en Duerf", seet den Arno Frising iwwer d'Entwécklung vum ländleche Raum. D'Populatioun an de ländlechen Dierfer wiisst net just, si huet och ganz aner Uspréch wéi fréier.

EU-Wahlen Analys
Europawahlen 2019

Eng Analys vu de klimapolitesche Mesuren an den Europawahlprogrammer vun den zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg bei den Europawahlen untrieden. Wat fir eng Klimapolitik proposéiere si fir Europa?

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen