Fräie Mikro vum Romain Goerend iwwert de Referendum

De Referendum vun e Sonndeg wier net noutwendeg. Iwwert de parteipoliteschen Debat eraus wäert de Protest géint d'Natur vun der Referendums-Prozedur, déi vu villen als ondemokratesch empfonnt gëtt, en Impakt op d Resultat kréien, mengt a sengem fräie Mikro vun haut de Journalist Romain Goerend :

 

Den Text vum fräie Mikro:

Den alen an neie britesche Premier David Cameron hat senger Wielerschaft e Referendum iwwert e méiglechen Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU an Aussiicht gestallt fir seng eege Separatisten an d’Konkurrente vun der populistescher UKIP am Wahlgeschäft kleng ze halen.

Mat Erfolleg wei d'Wahlresultater dat ausgewisen hunn.

Ma nom Wahlgeschäft hält d’Begeeschterung iwwert de Risiko vun engem "Brexit", vun enger Isolatioun déi net méi esou splendid ze erwaarden ass, sech net nëmmen an der Londoner City, ma queesch duerch déi britesch Gesellschaft a Grenzen .

Den am Wahlkampf instrumentaliséierte Referendum dreet mëttelfristeg deenen op de Kapp ze falen déi en eropbeschwiere hunn.

Ma de Mond ass gespëtzt elo muss gepaff ginn!

Net nëmme bei de Brite ma och bei de Lëtzebuerger.

Déi hätten et wuel méi liicht gehat fir hire geplangtene Referendum iwwert eenzel Froe vun enger Verfassungsreform, déi se fragmentaire mat Kontradiktiounen an Inkonsequenzen zum Vote stellen, an de Vergiess geroden ze loossen.

Ëmsou méi ewéi DEN Thema deen am meeschten d'Gemidder vun den ënnerschiddlechen Akademie beweegt huet, nämlech d Trennung vu Kierch a Staat, am gewinnte politesch korrekte Stil aus dësem Referendum erausgeholl gouf. Iwwerdeems d’Haaptacteure vun de Regierungsparteien es net midd gi fir ze deklaréieren, dass si keng personell Konsequenzen aus engem dräifachen Neen zéie wäerten.

De Wieler kritt also d'Fräiheet fir nees emol iwwert komplex Sujete banal mat Jo oder Neen äntwerten ze dierfen.

Wiem dat net duergeet, wie mat der Referendums-Prozedur aus Prinzip net averstan ass well en se als ondemokratesch versteet, kann sech et net leeschte mat engem wäissen Ziedel ze äntwerte wann en dem Froesteller, an dësem Fall der Regierung, säi Protest géint eng empfonnt Entmündegung vu senger Persoun wëllt zum Ausdrock bréngen.

E gesäit sech also gezwongen zur Nout géint déi eege Meenung, géint déi offiziell Meenung vu senger Partei, géint d'Rekommandatioune vun der Majoritéit mat "Neen" ze stemmen.

Wat fir en Impakt esou e politesche Protest op den obligatoresche consultative Wahlgang wäert kréien, deen derzou als Testwahl verstan gëtt, an deen net noutwendeg war, well et jo d'Parlament ass wat leschten Enns iwwert d'Verfassungsreform ofstëmmt, dat wësse mer déi nächst Woch.

Dann, wa mer eis ënnert Ëmstänn virun der Welt-Ëffentlechkeet e muttwëllegerweis eropbeschwierent Bild vun Auslännerfeindlechkeet ginn hunn, dat guer net op eis zoutrëfft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen