Fräie Mikro: Oarm a räich zu Lëtzebuerg
Zwee fréier Kollegen aus der Primärschoul begéine sech no laange Joren duerch Zoufall an engem grousse Supermarché erëm. Eng Rencontre, déi munches ännert.
De Fräie Mikro vum Nadine Everling:
De Jang (55 Joer) an d’Michelle (53 Joer) si bestuet an hunn zwee Kanner, e Jong an e Meedchen. De Jong ass am éischte Joer op enger technescher Héichschoul am Ausland, d’Meedchen op Deuxième am Meedercherslycée. D’Koppel ass nawell houfreg op hir Famill. D’Kanner si gutt geroden a schéngen hire Wee ze maachen. Wou d’Kanner deemools koumen, hat d’Michelle opgehalen op der Bank. De Jang, als Computerspezialist bei där selwechter Bank - si hate sech do kenne geléiert - huet eng gutt Pei, schafft awer och vill do derfir. Fir Extravaganzen drummt de Jang méi Iwwerstonnen, oder hien hëlleft alt emol deem engem oder anere Kolleg bei Problemer mam Computer.
Dem Téid, engem Schoulkolleg vum Jang, huet d’Liewen net esou gutt matgespillt. Hie kënnt aus enger mannerbemëttelter Famill, de Papp huet gedronk an d’Famill hat ëmmer Schwieregkeete fir d’Enner zesummenzekréien. Béid Kollege woaren an der Primärschoul ëmmer zesummen an der selwechter Klass, hu sech duerno awer net méi weider begéint. Elo si si sech dee leschte Freideg duerch Zoufall an engem grousse Supermarché iwwert de Wee gelaf. De Jang kritt op een Zock e schlecht Gewëssen. Hien erënnert sech drun, datt d’Kanner an der Schoul, an hie woar do och keng Ausnam, dacks de Geck mam Téid gemaach hunn, well dëse méi wéi eng Kéier net propper gewäsch woar an deementspriechend geroch huet. De Schoulmeeschter, ee vun dem sougenanntene gudden ale Schlag, hat dunn am Téid och séier de Stoussnéckel vun der Klass fonnt.
Wéi de Jang den Téid elo begéint, ass hie frou, wou hie gesäit, datt dëst net méi de chmuddelegen Téid vu fréier ass. D’modern Jeans mat der Jackett aus mëllem Leeder stinn dem Téid gutt. Eng Famill huet den Téid net, awer eng fest Plaz bei der Gemeng, och wann en am Ament am Krankeschäin ass. Hien huet et am Réck, an hie kann net méi esou laang un engem Stéck sëtzen. Wou de Jang freet, wat den Téid da schaffe géing, verzielt dësen, datt hien am Ament un der Invaliderent schafft. Nach ee leschte Kontrollgank bei den Dokter, an d’Saach misst geritzt sinn. Firwat datt de Jang dann nach ëmmer schaffe géing?
Doheem ukomm, liest dem Jang seng Fra him en Artikel vir iwwert e Pilotprojet fir Leit, ouni Dag iwwert dem Kapp, ze hëllefen. Dës Leit mussen zënter fënnef Joer zu Lëtzebuerg liewen, op d’mannst véierzeg Joer hunn, scho méi laang ouni Wunneng sinn, alkohol- oder drogenofhängeg sinn an/oder eng psychesch Krankheet hunn. Eng gutt Saach, mengt dem Jang seng Fra. De Jang muss komescherweis deen Ament un den Téid denken; an dësen Artikel an d’Gespréich mam Téid wëllen dem Jang net aus der Kopp goen.
Wou hien dunn e Méindeg de Moien um 07.00 Auer genervt am Stau steet, fir op d’Oarbecht, et op 5 Minutte just net méi packt, fir d’Auer an der virgeschriwwener Zäit ze drécken an doropshin eng domm Bemierkung vu sengem neie jonke Chef astieche muss, geet hien a säi Büro, denkt no an ... dunn dréckt hien d’Telefonsnummer vu sengem Hausdokter. Wéi steet ëmmer um Enn vun engem Buch oder enger Geschicht? “ D’Persounen an d’Handlunge si fräi erfonnt. Ähnlechkeete mat liewegen oder anere Persounen sinn Zoufall”. Dëse Saz kann ech net ënnert meng kleng Geschicht hänken. Hei sinn d’Persounen net fräi erfonnt, dat Eenzegt wat erfonnt, respektiv geännert ass, sinn d’Nimm vun de Leit.