Fräie Mikro: Iwwert d'Ursaache vum Flüchtlingsdrama

D’Aktualitéit vun dëser Woch gouf duerch d’Tragedie vun de Flüchtlinge bestëmmt, déi am Mëttelmier erdronk sinn, well se net matzäit gerett goufen. Elo ass och Lëtzebuerg nees méi staark mat der Fro vun der Opnam vu Réfugiéë konfrontéiert, eng Situatioun, déi un déi vun 1999 zur Zäit vum Kosovokrich erënnert, mengt de Jacques Drescher a sengem Fräie Mikro.

 


atsächlech fillt ee sech de Moment un d’Situatioun erënnert, déi entstan war, nodeems d’Nato 1999 Jugoslawien an deem gréisste Loftkrich bombardéiert huet, deen et zanter Vietnam gouf. Deemools hat d’Nato kee Mandat vun der Uno.

Den deemolege Staatsminister Juncker huet duerno d’Buergermeeschteren zesumme geruff fir hinnen ze erklären, dass d’Gemenge sollte solidaresch sinn an d’Flüchtlingen aus dem Kosovo ophuelen.

2011 huet eng Koalitioun vu Nato-State Libye bombardéiert. Si hat e Mandat fir d’Zivilpopulatioun ze schützen, mee si huet dat Mandat gebrach an de Regime vum Gaddafi gestierzt, ouni ëmstand ze sinn eng nei Uerdnung an deem Land opzeriichten.

Deemools konnt een an der franséischer Tëlee e Reportage gesinn, wou e Journalist gemengt huet, Libye géif elo eng Demokratie ginn an en intressante Marché fir den Tourismus aus dem Westen. En huet esou guer schonns intressant Perspektive fir de Club Méditerrannée a Libyen erbléckst.

Libye gouf awer duerch de Krich vun der Nato just destabiliséiert. Haut sinn do zwee Pouvoiren, déi géint enee ginn, an dertëscht gewannen islamesch Extremisten ëmmer méi un Terrain. Déi Flüchtlingen, déi elo am Mëttelmier erdronk sinn, kommen aus ville Länner: Eritrea, Syrien, Irak, Somalia oder Sudan. Iwwerall do wou Krich a Misär sinn, lafen d’Leit fort. Och vun do wou de Misär vum Westen, also vun den USA an hiren Alliéierten vun der Nato verursaacht gouf, wéi am Irak.

Den Ausseminister Jean Asselborn huet zouginn, dass déi restriktiv Politik vis-à-vis vun de Flüchtlingen, déi via Libye mat Schëffer iwwert d’Mëttelmier an Italien fueren, op engem zynesche Kalkül baséiert. Dee besteet dodran, de Flüchtlingen esou wéineg wéi méiglech ze hëllefen fir se ze découragéieren, et iwwerhaapt ze probéieren.

Elo awer muss den Image vun Europa alt erëm e bëssen op poléiert ginn. De Premier Bettel mécht en Appel un d’Gemenge fir sech mat de Flüchtlinge solidaresch ze weisen. Esou wéi deemools säi Virgänger Juncker.

Parallel dozou gi mer mat Grujelgeschichten an de Medie gefiddert: moslemesch Flüchtlinge géife Chrëschten an d’Mier geheien, skrupellos Schleefer- a Sklavenhändler wieren ënnerwee, déi sech eng gëlle Nues mat dem Misär verdéngen, an e Kapitän vun engem Flüchtlingsschëff gouf wéint Mënschenhandel an Italie verhaft.

Dat alles lenkt vun de wierklechen Ursaache vum Misär of, dee vun de Kricher, déi d’Nato an deene Länner gefouert huet fir Zougrëff op Ressourcen ze kréien a Regimer ze stierzen, déi hir net gefollegt hunn, matverursaacht gouf. Gläichzäiteg gi mer virbereet op nei Kricher a Militäraktiounen, déi dodra bestinn, dass Schëffer op der Plaz oder um Mier zerstéiert ginn fir dass d’Flüchtlingen net fort kommen an am Dreck sëtze bleiwen.

Esou laang wéi d’EU vu Politiker gefouert gëtt, déi gläichzäiteg d’Feier leeën a Pompjee spillen, wäert et weder e bessert Europa nach eng besser Welt ginn.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen