Fräie Mikro iwwert d'Gedenkfeieren un d’Enn vum 2. Weltkrich

D'Simone Beck mat Iwwerleeungen zu de Gedenkfeieren un d’Enn vum 2. Weltkrich:

 

Mir hunn ons dëser Deeg vill erënnert, hunn – tëschent ville pompösen an eidele Rieden - opgelauschtert, wann den Historiker Heinrich August Winckel am Bundestag roueg an déif Wierder fonnt huet, esou wéi virun 30 Jor de Richard von Weizsäcker zu deem selwechten Thema.

Däitschland gedenkt, Russland feiert. Mat enger vun deene gréisste Militärparaden aus senger Geschicht. Wat ass dann do eigentlech ze feieren ? De Sig iwwert den Nationalsozialismus, d’Anhuele vu Berlin virun de westlechen Alliéierten ? Déi Milliounen Affer, déi d’Sowjetunioun bezuelt a verursaacht huet si jo kaum eng Ursaach fir ze feieren. Op alle Säite goufe Leit massakréiert, Frae vergewaltegt, Stied zerstéiert. Eng Fra, déi vill ze vill onbekannt ass, a vill ze vill ignoréiert, d’Bertha von Suttner, déi grouss Pazifistin, déi 1905 de Friddensnobelpräis krut, sot : « Et géif kengem afalen, Tënteflecke mat Tënt ewech ze maachen oder Uelechfleck mat Ueleg. Nëmme Blutt muss ëmmer mat Blutt ausgewäsch ginn ».

Haut méi wéi jee wier nieft Gedenken Ëmdenken ugesot, awer jiddefalls net mat risege Panzer, Rakéiten an aner Krichsmaschinerie fir e Fridde feieren. E Fridden, deen am Ufank vun engem neie Krich stoung, deen zwar Kal genannt gëtt, awer vill Leit d’Liewe kascht huet.

Wéi sot de Visionär Robert Jungk : « Wenn einer allein träumt, bleibt es ein Traum. Wenn Menschen gemeinsam träumen, wird es furchtbare Wirklichkeit ».  No 1945 stoungen sech iwwer 50 Jor laang zwou Ideologië géint en iwwer, a wéi hu mer opgeotemt, wéi mam Mikhaïl Gorbatchov en neie Wand geblosen huet, dee schliisslech d’Berliner Mauer agerappt an dem Kale Krich en Enn gesat huet. A wou sti mer haut ?

D’Amerikaner sinn net méi do, den Vladimir Putin ass am gaang duerch Annexiounen a Paraden en neien Nationalstolz a Russland ze schafen, dee bei engem Vollek, dat e politeschen a soziale Modell huet misse begruewen, op fruchtbare Buedem fält. Awer wann ee mat engem Fanger op en anere weist, weisen ëmmer dräi Fangeren op ee selwer zréck.

Och  mir feieren onsen Nationalfeierdag mat enger Militärparad. Firwat eigentlech ? Wat fir en Akzent sëtze mir domat ? Wat maache mir zu Lëtzebuerg, fir dass mer endlech déi Mauer vu kollektiver Selbstgefällegkeet afalen dinn, déi ons mengen deet, mir hätten alles richteg gemaach ?

Wann de Premierminister bei der Lëtzebuerger Gedenkfeier fir d’Enn vum 2. Weltkrich seet, dass mer ons Vergaangenheet kennen a verstoe solle fir fundamental Léieren doraus ze zéien, wat fir eng Vergaangenheet mengt hien dann ? Déi Vergaangenheet, déi bei de Gedenkfeiere regelméisseg geéiert gëtt, oder déi Vergaangenheet vun där mer nach ëmmer net schwätzen ? Villes ass viru 70-75 Joer geschitt dat och zu onser Vergaangenheet gehéiert, dat awer net zu deem Lëtzebuerg passt, dat 1945 vun der Politik geschaf a säit deem um Liewe gehale gëtt. Et gëtt Zäit, dass och mir no an no der Erënnerung d’Wëssenschaft zur Säit stellen an dass mer de Courage hunn och déi däischter Säite vun onser Vergaangenheet kennen ze léieren. Well och aus deenen – oder grad aus deenen – kann ee léieren.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen